Konventioun Staat-RTL: Djuna Bernard falsch Kandidatin!

Bei der Designatioun vun engem Parlamentsvertrieder, fir de Comité de Suivi fir d’Konventioun tëscht Staat an RTL z’iwwerwaachen, ass d’Kandidatur vun der grénger Deputéiert Djuna Bernard zréckbehale ginn. Och de Roy Reding dee Jurist ass hat sech fir dëse Poste gemellt ma ass leider net zréckbehale ginn. D’ADR bedauert domadder datt dëse wichtege Posten net vun engem Oppositiounsvertrieder besat ginn ass, fir déi wichteg Kontrollfunktioun z’assuréieren. Iwwerwaacht gëtt jo och déi politesch Neutralitéit vun der eenzeger nationaler Tëleeschaîne. De Kandidat Roy Reding wär vu Virdeel gewiescht, wann ee bedenkt datt d^’DP an d’LSAP scho Memberen am Verwaltungsrot vun RTL-Group hunn. An elo gëtt och nach d’Kontrollfunktioun der 3. Regierungspartei, an net der Oppositioun, zougestanen. Dat stäerkt op alle Fall net d’Vertrauen an d’Berichtererstattung vun RTL.  D’ADR krut indirekt Recht, beim Vott ass opgefall datt der Djuna Bernard hir Kandidatur nëmme vun 28 Deputéierte gutt geheescht gouf!      

Deel dëse Post: