Kontroller a Kontrolléiert zesummen an enger RTL-Emissioun?

D’Konventioun zwëschent RTL an dem Lëtzebuerger Staat huet iwwer Joerzéngten zu deene bescht gehitte Geheimnisser nom hellege Gral gehéiert. No jorelaangem, haartnäckegem Kampf vun der ADR-Fraktioun an der Chamber an engem engagéierte Geriichtsprozess vun der Piratepartei, muss d’Regierung den Inhalt vun dëser Konventioun wéinstens der Mediekommissioun vun der Chamber presentéieren. D’Chamber dierf dann zukünfteg ausserdeem ee Vertrieder an d’Kontrollkommissioun vun RTL (“Commission de Suivi”) nominéieren.

An enger funktionéierender Demokratie géif een dovun ausgoen, datt dëse Posten selbstverständlech vun engem Member vun der Oppositioun géif besat ginn. Mee wat mécht Gambia!? Si schécken d’Madamm Djuna Bernard, CO-Presidentin vun der Regierungspartei “Déi Gréng” déi no hirem Uniofschloss kaum ee Joer geschafft hat, ier se an d’Chamber nogeréckelt ass.

Selbstverständlech kéint een trotzdeem mengen, datt d’Madamm Bernard op mannst d’Manéieren hätt fir de Schäin vun enger professioneller Distanz vis-à-vis vum Monopolsender ze waren.

Mee RTL an déi Gréng maachen ongenéiert de Geck mat de Leit! Kaum nominéiert war d’Madamm Bernard de 6. Mee schonn den Invité vun der Redaktioun. Wärend Deputéierte wéi de Fred Keup a sou engem Format d’Wuert am Moment ronderëm gedréit kréien, dierf d’Madamm Bernard en endlose politesche Selbstdarstellungsmonolog halen. De Journalist trëtt just als zousätzleche Stéchwuertgeber op. Selbstverständlech ouni déi problematesch Relatioun mat och nëmmen engem Wuert ze erwänen.

Huet hei eng politesch-medial Hand déi aner gewäsch an d’Leit op niddregst Manéier fir domm verkaf?

Deel dëse Post: