Kontrolle vun der ITM wärend der Wäilies

Et goufen 2023 verhältnisméisseg vill Kontrolle vun der ITM wärend der Wäilies gemaach. D’ADR-Deputéiert Alexandra Schoos a Jeff Engelen hunn dozou e puer Froen un d’Regierung:

Fro:

Nodeems déi Lëtzebuerger Wënzer d’lescht Joer mat ville Belaaschtungen a Beschränkungen ze kämpfen haten, sou z.B. mat iwwerméisseg staarke Reefäll am Summer, déi zu engem ongewéinlech fréie Liesufank gefouert hunn, goufe si och, wéi ee rezent an der Press noliese konnt (Artikel “OPVI: Mënschen, Drauwen, Passioun”, tageblatt vum 30.1.2024), am selwechte Joer mat verstäerkte Kontrollen duerch d’Inspection du Travail et des Mines konfrontéiert. Net manner wéi dräimol hätt d’ITM d’Lies bzw. déi bei de Wënzer beschäftegt Hëllefsaarbechter kontrolléiert an dobäi relativ héich Geldstrofe verhaang.

De Rapport vun der ITM fir d’Joer 2022 weist drop hin, datt d’ITM dat Joer Geldstrofen an Héicht vun 10,42 Milliounen Euro verhaang hat, e Rekord. Gläichzäiteg war d’Zuel vun de Kontrollen dat Joer däitlech an d’Lut gaang. Fir 2023 leien nach keng Zuele vir. Op der Tëlee hat den Direkter vun der ITM den 21. Abrëll 2023 ënnerstrach, datt Geldstrofen am Géigesaz zu Chantiersschléissungen net ëmmer eng ofschreckend Wierkung op d’Patronen hätten.

An dësem Kontext hu mir follgend Froen un d’Madamm Minister an den Här Minister:

  • Kann d’Regierung Statistike virleeën, déi beleeën, wéi vill Geldstrofe vun der ITM am Joer 2023 géint Vertrieder vun der Lëtzebuerger Wënzerschaft verhaang goufen? Wéi vill Wënzer hunn insgesamt esou eng Geldstrof krut? Wat waren d’Grënn vun dëse Geldstrofen?
  • Wéi vill vun dëse Geldstrofe si bis elo scho bezuelt ginn? Ëm wéi eng Zomm handelt et sech dobäi?
  • Wat déi Geldstrofen ugeet, déi nach net bezuelt goufen: Leien der Regierung Grënn vir, firwat déi betraffe Wënzer dës Geldstrofen nach net bezuelt hunn?
  • Wéi eng Grënn ginn et fir déi verstäerkt Kontrolle vun der ITM wärend der Wäilies? Leien der Regierung Statistike vir, wéi sech d’Zuel vun dëse Kontrollen an de leschten zéng Joer entwéckelt huet?
  • Geet d’Regierung dervun aus, datt déi relativ héich Geldstrofen en dissuasiven Effekt op d’Wënzer hunn? Wa jo, wat bestäerkt d’Regierung an dëser Meenung?
  • Geet d‘Regierung dervun aus, datt verschidde Wënzer bestrooft goufen, well se sech net mat der aktueller Gesetzeslag, mat den administrativen Oplagen an Direktiven auskannt hunn? Wa jo, wéi wëll d’Regierung d’Zuel vun dëse Feeler aus Onwëssenheet an Zukunft verklengeren?

Äntwert:

Ad. 1
Am Kader vun senge Kontrollen iwwerpréift d’ITM op d’Reegele betreffend d‘Aarbechtsbedéngungen an
an der Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht agehale goufen. D’Kontrolle vun der ITM ginn entweder
op Basis vun enger Plainte organiséiert oder si gi proaktiv geplangt an duerchgefouert.
Am Joer 2023 huet d’ITM am ganzen 17.328 Kontrolle bei verschiddene Betriber vun alle Secteuren
duerchgefouert an 3.268 Geldstrofe verhaang fir e Betrag vun 14.307.000 Euro.
Am Joer 2023 goufen 36 Kontrolle bei Wënzer-Betriber duerchgefouert an et goufen hinnen 10 Geldstrofe verhaang fir e Betrag vu 44.500 Euro.
D’Grënn vun dese Geldstrofe betreffen Infraktiounen déi festgestallt gi sinn am Kader :
• vun der medezinescher Ënnersichung vum Aarbechtsdokter
• vum Opstellen vun den Aarbechtsstonnen a Congésregëster
• vum Opstellen vun de Paiziedelen
• vum Feelen vun Beweiser betreffend d’Bezuelen vun de Paien
• vum Net Bezuelen vum Salaire
• vum Net Bezuelen vun den Iwwerstonnen a vun de Congésindemnitéiten
• vum Feele vun der Openthalts- an Aarbechtserlabnes.

Ad. 2
Vun deenen 10 Geldstrofen déi am Joer 2023 u Wënzer-Betriber verhaange goufen, sinn der bis elo 5
bezuelt ginn an dëst fir e Betrag vun 9.000 Euro.

Ad. 3
Wat d‘Geldstrofen uginn, déi nach net bezuelt goufen, léien der Administration de l’enregistrement, des
domaines et de la TVA, déi sech ëm de Recouvrement vun de Geldstrofe bekëmmert, keng Grënn vir firwat déi betraffe Wënzer-Betriber dës Geldstrofen nach net bezuelt hunn.

Ad. 4
D’Zuel vun de Kontrollen, déi vun der ITM bei verschiddene Betriber vun alle Secteuren duerchgefouert
goufen, hu sech wéi follgend ab dem Joer 2016 entwéckelt :
Joer / Unzuel vun de Kontrollen
2016: 979
2017: 3.350
2018: 3.667
2019: 5.682
2020: 7.419
2021: 8.511
2022: 10.072
2023: 17.328
D’Zuel vun de Kontrollen, déi vun der ITM bei de Wënzer-Betriber duerchgefouert goufen, hu sech wéi
follgend fir déi selwecht Zäit entwéckelt :
Joer/ Unzuel vun de Kontrollen
2016    –
2017    –
2018    –
2019    –
2020: 1
2021: 11
2022: 26
2023: 36
Am Kader vu senge Kompetenzen huet d’ITM vu Joer zu Joer tendenziell ëmmer méi Kontrolle bei alle
Betriber vun alle Secteuren duerchgefouert.
Déi 36 Kontrollen déi am Joer 2023 bei de Wënzer-Betriber duerchgefouert goufen, entsprieche 14,5%
vun den 249 Wënzer-Betriber déi kontrolléiert goufen, an 0,21% vun de 17.328 Kontrollen déi d’ITM am
Joer 2023 am ganze gemaach huet.
Et kann een also net behaapten, dass et sech hei just ëm verstäerkt Kontrolle vun der ITM wärend der
Wäilies handelt. Et gi keng aner spezifesch Grënn fir verstäerkt Kontrolle vun der ITM wärend der Wäilies.

Ad. 5
Betreffend den Net Respekt vu sengen Uerderen am Kader vun de Reegelen iwwert
d‘Aarbechtsbedéngungen an an der Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht, kann d‘ITM de Betriber
eng Geldstrof tëschent 25 an 25.000 Euro verhänken.
Fir de Betrag vun der Geldstrof festzeleeën, berücksichtegt den Direkter vun der ITM d’Ëmstänn an
d’Gravitéit vun der Infraktioun souwéi d’Behuele vum Employeur.
Éier eng Geldstrof verhaange gëtt, gëtt all Betrib opgefuerdert sech innerhalb vun engem gewëssenen
Delai ze regulariséieren. Dësen Delai as am Prinzip op 15 Deeg fixéiert, mee falls néideg kann dësen Delai
op Demande vum Betrib och verlängert ginn.
Et sin just d’Betriber déi net op d’Uerderen vun der ITM reagéiert hunn, respektiv déi sech guer net oder
net integral regulariséiert hunn, déi eng Geldstrof vun der ITM verhaange kréien.
Betreffend den Net Respekt vun de Reegelen iwwert d’Openthalts- an Aarbechtserlabnes, verhänkt den
Aarbechtsminister eng Geldstrof vun 10.000 Euro pro Net EU-Bierger deen ouni Openthalts- oder
Aarbechtserlabnes beschäftegt gëtt. Bei der Feststellung vun esou enger Infraktioun ass keng
Regularisatioun méiglech.
Den Employeur riskéiert och eng Prisongsstrof vun 8 Deeg bis 1 Joer an eng Geldstrof vun 2.501 bis
125.000 Euro pro Net EU-Bierger deen ouni Openthalts- oder Aarbechtserlabnes beschäftegt gëtt falls :
1. des Infraktioun eng zweete Kéier beim selwechten Employeur festgestallt gëtt,
2. op mannst zwee Net EU-Bierger mateneen ouni Openthalts- oder Aarbechtserlabnes beschäftegt
ginn,
3. och nach zoustäzlech grav Aarbechtsbedéngungen festgestallt ginn,
4. den Employeur weess dass de Net-EU-Bierger Affer vu Mënschenhandel ass,
5. de Net EU-Bierger e Mannerjäregen ass.
D‘Geldstrofen goufen vum Legislateur am Aarbechtsgesetzbuch fixéiert fir en dissuasiven Effekt op all
Betrib ze hunn deen d’Reegele betreffend d‘Aarbechtsbedéngungen an an der Sécherheet a Gesondheet
op der Aarbecht net respektéiert.
Wann ee gesäit, dass verschidde Betriber sech net regulariséieren, mee léiwer eng Geldstrof verhaange
wëlle kréien, da kann een dovunner ausgoen, dass d’Geldstrofen nach net héich genug sinn.

Ad. 6
Jo. D‘Regierung geet dervun aus, datt et net absichtlech war. Et ass dofir ugeduecht, d’Prozedur vum
Recrutement vun den Hëllefsaarbechter am Wäin, Uebst- a Geméisbau ze vereinfachen.

 

 

Deel dëse Post: