Kontrolldokteren, déi kee Lëtzebuergesch verstinn

Et héiert een ëmmer op en Neits, datt verschidde Kontrolldoktere vun der Santé a vun der Sécurité sociale kee Lëtzebuergesch verstinn. Dat ass e grousse Problem, fënnt de Jeff Engelen, a freet bei der Regierung no.

Fro:

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nr. 4008 vum honorabelen Deputéierte Fred Keup vum 30. Juni 2021 schreift d’Madamm Minister: “Fir all d’Beruffer aus dem Gesondheetssecteur, déi ënnert d’Kompetenz vum Gesondheetsministère falen, gesinn déi jeeweileg Gesetzer vir, dass déi concernéiert Lëtzebuergesch verstoe mussen”.

Elo ass et awer esou, dass dës Gesetzer oft net agehale ginn an datt déi jeeweileg Persounen net déi dräi administrativ Sprooche vum Land, bzw. op d’mannst zwou vun dësen administrative Sproochen, verstinn. Dat betrëfft och, sou kënnt eis reegelméisseg zu Oueren, Kontrolldoktere vum Contrôle médical (Santé a Sécurité sociale). Hei steet fir déi betraffe Patiente bzw. Salariéen oft vill um Spill, well d’Diagnos vum Contrôle médical iwwer de weidere Verlaf vun hirer Karriär entscheede kann.

An deem Zesummenhang hunn ech folgend Froen un den Här Minister an un d’Madamm Minister:

  • Wéi eng Moossname gi geholl, oder wäerten an Zukunft vun der Regierung geholl ginn, fir datt d’Kontrolldoktere vum Contrôle médical sech mat de Salariéen, deenen hir berufflech Zukunft vun hinnen ofhänkt, op d’mannst an zwou vun den dräi Verwaltungssprooche vum Land ënnerhale kënnen? Ass d’Regierung gewëllt, eng Informatiounscampagne ze starten, fir d’Kontrolldokteren iwwer d’Noutwennegkeet vun enger sproochlech problemloser Kommunikatioun mat de betraffene Salariéen opzeklären?
  • Goufen et an deene leschte fënnef Joer Reklamatioune vu Salariéen, déi sech net mat hirem Kontrolldokter verstännege konnten? Wa jo, wéi vill?

 

Äntwert:

Wéi eng Moossname gi geholl, oder wäerten an Zukunft vun der Regierung geholl ginn, fir dattd’Kontrolldoktere vum Contrôle médical sech mat de Salariéen, deenen hir berufflech Zukunft vun hinnen ofhänkt, op d’mannst an zwou vun den dräi Verwaltungssprooche vum Land ënnerhale kënnen? Ass d’Regierung gewëllt, eng Informatiounscampagne ze starten, fir d’Kontrolldokteren iwwer d’Noutwennegkeet vun enger sproochlech problemloser Kommunikatioun mat de betraffene Salariéen opzeklären?

Den allgemenge Manktem un Doktere mëscht leider och net virum Kontrolldéngscht vun der sozialer Sécherheet (CMSS) haalt. Dobäi kënnt, dass d’Verdéngschtméiglechkeete fir een Dokter beim Staat vis-à-vis vun engem Dokter am Liberalen, dem säi Revenu iwwert eng Nomenclature assuréiert gëtt, dozou féiert, dass wéineg oder esouguer kee lëtzebuerger Dokter méi beim CMSS, a global beim Staat, postuléiert. Dësen Ëmstand féiert gären zu enger Sproocheproblematik.
Et ass awer esou dat am CMSS fir déi auslännesch Doktere beruffsbegleedend Lëtzebuergesch Couren ugebueden an och gehale ginn.
Ausserdeem ginn déi ze kontrolléierend Persoune vun engem Kontrolldokter gekuckt bei dem keng Sproochebarrière besteet souwäit dat organisatoresch méiglech ass. Schlussendlech ass et och vu Fall zu Fall méiglech een Iwwersetzer (oder eng Begleetpersoun) dobäi ze hunn.

Goufen et an deene leschte fënnef Joer Reklamatioune vu Salariéen, déi sech net mat hirem Kontrolldokter verstännege konnten? Wa jo, wéi vill?

Beim CMSS si bis elo keng esou Reklamatiounen erakomm.

 

 

Deel dëse Post: