Kompromësslos géint Antisemitismus virgoen!

A senger Interventioun vum 10. Juli mécht de Fernand Kartheiser däitlech, datt Antisemitismus ënnert kengen Ëmstänn seng Plaz zu Lëtzebuerg däerf fannen. Den ADR-Deputéierte mécht besonnesch un déi Jonk den Appell, sech emol e Konzentratiounslager ukucken ze goe fir eng Virstellung ze kréie vum onvirstellbare Leed, wat déi Mënschen deemools hu missen erdroen.

D’ADR wënscht sech eng méi ganzheetlech Definitioun vun Antisemitismus, och verstoppten antisemitesch Tendenze solle bloussgestallt ginn. Fir de Fernand Kartheiser ass et deemno och inakzeptabel, datt d’Regierung weiderhin Organisatiounen ënnerstëtzt, déi sech fir de BDS-Mouvement (Boycott, Divestment, Sanctions), also de Boykott vun Israel, ausschwätzen. Dëse Mouvement ass iwwregens vum däitsche Bundestag als kloer antisemitesch agestuuft ginn; firwat reagéiert Lëtzebuerg also net? Och dee vum Europaparlament gefuerderten Antisemitismusbeoptragte feelt hei am Land nach.

Lëtzebuerg huet aktuell de Virsëtz vun der IHRA (International Holocaust Remembrance Alliance). Eis Land soll houfreg op dëse Virsëtz sinn a säin Engagement géint den Antisemitismus konsequent weiderbedreiwen – Loft no uewe bleift nach!

Deel dëse Post: