Kompetitivitéit am Alldag sécheren, net an der Chamber debattéieren

De Roy Reding huet den 8. Dezember an der Chamber an alle Voleten en anert Bild vun der Lëtzebuerger Kompetitivitéit gezeechent, wéi d’Deputéierte vun de Regierungsparteien. Wéi gutt steet eis Wirtschaft do am Verglach mat den anere Länner, wéi wettbewerbsfäheg si mir?

De Spacemining gëtt als Tromp gefeiert, et ass awer en deiere Projet, deen vëlkerrechtlech net ofgeséchert ass. Den Elektroauto (an déi vill Luedstatiounen uechter d’Land) funktionéieren nun eemol mat “knaschtegem” Stroum aus Atom- oder Kuelkraafwierker. Eis Staatsfinanzen an d’Stabilitéit vum Land ginn zwar AAA bewäert, mä et ass net fir ze maachen, wéi wa mir alles am Grëff hätten, mat 1 Milliard Staatsschold am Joer. Deier Étuden iwwer den Tanktourismus an d’Aarbecht vun Expären ginn zwar bezuelt, mä d’Minister selwer soen, datt dee Recht kritt, deen de Rapport bezilt.

Dofir zeechent de Roy Reding e Bild vun engem Land, deem seng Wettbewerbsfähegkeet vun der Weltbank héchstens als mëttelméisseg bewäert gëtt. Vun engem Land mat schwéierfällege Prozeduren, wou et éiweg dauert fir Autorisatiounen ze kréien, a vun engem Land, dat dem “Unternehmer”, dem Entrepreneur am wäiadre Sënn, d’Liewe schwéier mécht, wou et kann. Hien haft geschwënn perséinlech mat sengem Verméigen fir d’TVA, och wann e seng Wuer ni bezuelt krut, an hien haft dann och bei enger Faillite, wann e Geriicht him kann e schwéiere Feler beim Féiere vum Betrib noweisen. Wann ee faillit geet, da war et dat, dovun erhëllt ee sech zu Lëtzebuerg ni méi. Wéi vill Grënner vu Weltfirmen, an den USA z.B., waren dogéint e puer mol faillit ier se Succes haten?

Wonsch a Wiirklechkeet

Kee Wonner seet de Roy Reding, datt hei am Land 43 Prozent vun de Leit sech kënne virstellen, “Indépendant” ze ginn, datt awer nëmme 7 Prozent de Schrack woen. Hie verweist op e Land, wat net grad frëndlech ass fir Geschäftsleit an Unternehmer. Duerfir plädéiert den ADR-Deputéierten: D’Land brauch keng Debatt an der Chamber iwwer Kompetitivitéit, d’Land brauch méi Kompetitivitéit.

Deel dëse Post: