Wéi setzen déi insgesamt zwanzeg Ministèren eis Steiersue fir hir Kommunikatiounsausgaben an? Dat wëll de Michel Lemaire vun der Regierung wëssen. (Am follgenden Text gëtt d’Bezeechnung vum betreffende Ressortminister duerch d’Wuert “Minister” ersat an déi vum betreffende Ressortministère duerch d’Wuert “Ministère”, fir déi zwanzeg parl. Froen an engem Basistext ze vereenegen.)
Fro:
Am Sënn vun Transparenz an engem effizienten Asaz vu staatleche Mëttele stelle sech Froen am Zesummenhang mat de finanziellen a personelle Ressourcen, déi déi eenzel Ministèren am Beräich Kommunikatioun asetzen.
Virun deem Hannergrond wéilt ech dem Minister gär follgend Froe stellen:
- Ënner wéi enge Budgetsartikele goufen d’Kommunikatiounsdepensë vum Ministère (Presseaarbecht, Informatiounscampagnen, Publicitéit, Social Media, audiovisuell Produktiounen, Grafik), opgeschlësselt op déi lescht fënnef Budgetsjoren, opgelëscht?
- Wéi héich war, opgeschlësselt op déi lescht fënnef Budgetsjoren, d’Gesamtzomm, déi fir Kommunikatioun virgesi war, a wéi vill dovu gouf effektiv ausginn?
- Wéi hu sech, opgeschlësselt op déi lescht fënnef Budgetsjoren, dës Ausgaben opgedeelt no: a) lafende Verwaltungskäschten, b) Campagnen (Marketing, Informatioun, Sensibiliséierung)?
- Wéi vill Vollzäitäquivalenter (ETP) waren, opgeschlësselt op déi lescht fënnef Budgetsjoren, am Beräich Kommunikatioun virgesinn oder goufen effektiv agesat?
- Wéi vill dovunner waren, opgeschlësselt op déi lescht fënnef Budgetsjoren: a) befristet beschäftegt; b) onbefristet (CDI); c) extern (Freelancer, Beroder, Agencen, asw.)?
- Wéi hu sech, opgeschlësselt op déi lescht fënnef Budgetsjoren, dës Plazen opgedeelt no Tätegkeetsberäicher (Presseaarbecht, Informatiounscampagnen, Publicitéit, Social Media, audiovisuell Produktiounen, Grafik, asw.)?
- Wéi héich waren, opgeschlësselt op déi lescht fënnef Budgetsjoren, d’Käschte fir déi extern Prestatairen (Freelancer, Beroder, Agencen, asw.), déi am Beräich Kommunikatioun fir de Ministère aktiv waren oder nach sinn?
Hei d’Äntwert vum Inneministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64538_1785502329244.pdf
Hei d’Äntwert vum Finanzministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64543_1785503112718.pdf
Hei d’Äntwert vum Staatsministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64534_1785494835508.pdf
Hei d’Äntwert vum Aussen- a Verdeedegungsministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64531_1785494555071.pdf
Hei d’Äntwert vum Logementsministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64529_1785494213627.pdf
Hei d’Äntwert vum Ëmweltministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64530_1785494309856.pdf
Hei d’Äntwert vum Digitalisatiounsministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64533_1785494728534.pdf
Hei d’Äntwert vum Kulturministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64515_1785481941879.pdf
Hei d’Äntwert vum Aarbechtsministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64514_1785481782784.pdf
Hei d’Äntwert vum Gläichstellungsministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64513_1785481286994.pdf
Hei d’Äntwert vum Justizministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64512_1785480088507.pdf
Hei d’Äntwert vum Agrar- a Wäibauministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64519_1785484459488.pdf
Hei d’Äntwert vum Gesondheetsministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64517_1785483761711.pdf
Hei d’Äntwert vum Schoul- a Jugendministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64518_1785484038296.pdf
Hei d’Äntwert vum Sportsministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64516_1785483599711.pdf
Hei d’Äntwert vum Héichschoulministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64523_1785490308600.pdf
Hei d’Äntwert vum Ministère vum ëffentlechen Déngscht:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64522_1785488569313.pdf
Hei d’Äntwert vum Wirtschaftsministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64525_1785491115004.pdf
Hei d’Äntwert vum Familljeministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/07/QP_64527_1785491345963.pdf
Hei d’Äntwert vum Mobilitéitsministère:
https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/08/QP_64568_1785762411733.pdf