Komme mir de Summer nach an d’Vakanz? Déi Fro kann een sech aktuell ganz akut stellen. De Findel huet Kerosinsreserve fir zwee Deeg. Wa keen Noschub méi kënnt, bleiwen d’Fligere séier um Buedem. Op ville Plazen an der Welt fänkt den Treibstoff fir d’Fligeren u knapp ze ginn? Wourop mussen d’Passagéier sech wierklech astellen? Den ADR-Norddeputéierte Michel Lemaire verlaangt kloer Äntwerten:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ekonomieminister an d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro Nummer 3863 no engem potenzielle Kerosinmangel schreift d’Regierung ënner anerem dat hei: “Am Duerchschnët läit de Stock bei ongeféier 4.000 m³, wat ënner normale Konditioune plus/minus 2 Deeg Autonomie entsprécht […] En NOTAM (Notice to Airmen) gouf Enn Mäerz ausgestallt, dee sech un all d’Fluchgesellschaften adresséiert, déi zu Lëtzebuerg operéieren, fir esou mann ewéi méiglech Kerosin hei ze tanken […] Dësen gouf dann och elo dëse Mount verlängert”.
Gläichzäiteg ass an der internationaler Press ze liesen, datt zum Beispill an Australien schonn eng Rei Flich wéinst Kerosinmängel gestrach ginn. Och an Däitschland fänkt d’Lufthansa un, eenzel Linnen ze sträichen a Maschinne méi fréi wéi geplangt dauerhaft ausser Déngscht ze stellen. De “Bundesverband der Deutschen Luftverkehrswirtschaft” geet och dovun aus, datt am Juni éischt Flich wéinst Treibstoffmangel musse gestrach ginn, also genee zu där Zäit, wou d’Leit ufänken an d’Summervakanz ze fléien, och zu Lëtzebuerg. Zu de kuerzfristegen Entlaaschtungsmoossnamen déi gefuerdert ginn, gehéiert och eng temporär Zouloossung vum Jet Fuel A, dee virun allem an Amerika getankt gëtt, fir hei kënnen zousätzlech Kapazitéiten ze importéieren.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung nach gär dës Froe stellen:
- Geet d’Regierung nach dovun aus, datt d’Passagéier vum Findel dës Joer wéi gewinnt an d’Summervakanz fléie kënnen? Falls jo, op wéi eng Prognose baséiert si sech? Falls net, gesäit d’Regierung dann zäitno vir, fir d’Leit viru méigleche Schwieregkeeten ze warnen?
- Wéi steet d’Regierung zu der Fuerderung, fir Jet Fuel A kuerzfristeg zouzeloossen? Kéint en zousätzlechen Export aus de Vereenegte Staaten Entlaaschtung bréngen?
- Geet d’Regierung dovun aus, datt eng Aussetzung vun den Oplage fir sougenannte grénge Kerosin (SAF) an der aktueller Situatioun kéint Entlaaschtung bréngen? Falls jo, sinn an deem Sënn kuerzfristeg Moossname virgesinn?
- Wäert d’Regierung sech op EU-Niveau duerfir asetzen, datt Leit deenen hir Flich wéinst engem Mangel u Kerosin gestrach ginn, weiderhi musse vollstänneg indemniséiert ginn?