Kloer géint d’Verlängere vun de Covid-Mesuren!

A senger Interventioun vum 12. Mäerz betount de Jeff Engelen, datt d’Regierung och bei der 14. Verlängerung vun de Covid-Mesuren näischt bäigeléiert huet. D’Regierung ass net midd ginn, ze betounen, datt Lëtzebuerg an der Covid-Kris säin eegene Wee wäert goen. Dovun ass allerdéngs net vill ze spieren: D’Decisioune vun eise Nopeschlänner sinn nämlech den entscheedende Faktor an der Corona-Politik vu Gambia 2. Et gëtt monter weidergefuer, eis verfassungsmääSseg garantéiert Grondrechter ze violéieren an dat ouni sanitär Logik.

Den Nord-Deputéierte betount dann och, datt d’ADR sech scho laang dofir agesat huet, datt den Horeca-Secteur endlech nees opgoe soll. A firwat musse sportlech Ariichtungen zou bleiwen, wann d’Regierung parallel dozou higeet, a kulturell Aktivitéiten nees fir de Public opmécht? Et ass net ze verstoen. An de Schoule feelt nach ëmmer e kloert Konzept, wéi sech den Unterrecht a Corona-Zäiten op laang Dauer gestalte soll. D’ADR wiert sech iwwerdeems vehement dogéint, datt zu Lëtzebuerg an an Europa eng Zwee-Klassen-Gesellschaft entsteet, wou geimpfte Leit méi Rechter hunn, ewéi Persounen, déi sech net wëllen oder kënnen impfe loossen. Déi gréissten Erausfuerderung wäert iwwerdeems op eis zoukommen, wann et gëllt, d’Corona-Kris an eiser Gesellschaft psychologesch opzeschaffen. Grad déi Jonk, awer och eeler Leit, hu gelidden ënnert der Isolatioun vun de Covid-Restriktiounen. A Covid-Zäiten huet eis Gesellschaft vill u sozialer Wäermt verluer; grad och duerch déi onsënneg Bestëmmungen, déi et de Leit onméiglech maachen, sozial Kontakter ze fleegen.

 

Deel dëse Post: