Klimastreik an aner gesellschaftlech Evenementer?

D’Dispens, déi den Educatiounsminister deene Kanner ginn huet, déi wëllen op de Klimastreik goen, geheit Froen op. De Fernand Kartheiser zéckt net fir dem Schoulminister dës ze stellen. Am besonnesche geet et dem ADR-Deputéierten drëm, erauszefannen, wien decidéiert, wéini e gesellschaftlecht Engagement esou wäertvoll ass, datt ee ka vun der Schoul entbonne ginn. Eng weider kniwwelech Fro fir de Minister dierft sien, ob een däerf a Schoule Flyere verdeelen, déi opfuerderen, “onentschëllegt” ze feelen, wann d’Eltere engem net géinge fräi ginn.

Deel dëse Post: