Klimaschutz Jo awer vernënfteg a roueg

E Klimaschutz-Gesetz an der Chamber, den 11. Oktober, huet d’ADR matgestëmmt. De Fernand Kartheiser huet der Chamber zwar de Jo vun eiser Partei matgedeelt, mä hien hat eng laang Lëscht vu Kritikpunkten. Nët gëlle gelooss huet den ADR-Deputéierten, datt déi streng Obligatioun ( minus 40% Kuelendioxidop 5 Joer) keen Impakt op eise Budget sollen hunn. Do huet d’Land mat Kioto aner Erfahrunge gemaach. De Fernand Kartheiser huet och de Schlëssel vun der Verdeelung kritiséiert, dee Lëtzebuerg a Schweden am schwéierste belaascht. D’berechnung géing net de ville Frontalieren hei am Land Rechnung droen.

Dann huet hien den Accord op europäeschem Plang realistesch gekuckt a gefrot, wéi dat soll fir Lëtzebuerg funktionéieren. Eise séire Wuesstem a Bevëlkerungszouwuess, eis Investitiounen a Loftverkéier a Logistik, eis Annamen aus dem Tanktourismus, d’Recht vun eiser Landwirtschaft fir weider Aackerbau a Véihzucht ze maachen, dee niddregen Undeel vun Alternativen hei am Land, negativ Studien iwwer Passivhaiser, alles géing d’Klimaziel als onrealistesch opdecken. Net dee mannste Widdersproch wäre Konflikter an der Koalitioun: D’LSAP stéing fir Diversifizéierung an Déi GréngDesindustrialiséierung vun der Wirtschaft.

D’ADR steet fir eng realistesch Approch: Keen iwwerméissegen Drock wder op d’Privatstéit nach op d’Wirtschaft, mä e rouege vernënftege Wee fir d’Klima ze retten.

Deel dëse Post: