Klimapolitik: Fest vun der Pensée unique

Ganz kritesch war de Fernand Kartheiser de 19. November an der Chamber, wat d’Lëtzebuerger Klimapolitik an d’Aschätzung vum Klimawandel ugeet. Och bei der Preparatioun vun der Debatt an der Chamberskommissioun wär nëmmen eng Klack ze héiere gewiescht. Weder kritesch Stëmmen aus der Wëssenschaft nach de Rapport vun der Cour des Comptes wäre berücksichtegt ginn. Den Deel vum  Klimawandel, dee mënschgemaacht ass, misst méi vernünfteg bekämpft ginn.

De Fernand Kartheiser huet déi finanziell Repercussiounen duerch Steieren an Taxe vun der Klimapolitik kritiséiert an d’Nodeeler, déi europäesch Entreprisen am Konkurrenzkampf erleiden. Biocarburants, déi zu Lëtzebuerg eng grouss Roll solle spillen, si Schold un Liewensmëttelverknappung a -verdeierung. D’Elektromobilitéit ass wéi d’Photovoltaik verfälscht, well net de ganzen Energiebilan gekuckt gëtt. An déi ganz Klimapolitik suergt fir eng verstäerkt Notzung vun Atomenergie a vu fossillen Energien. Schliisslech wär och nach déi perséinlech Fräiheet a Gefor, well dem Bierger säin Energieverbrauch bis an den Detail soll kontrolléiert ginn. Dat sinn dem Fernand Kartheiser seng Haaptkritiken, besonnesch un d’Adress vun de grénge Klimaideologen.

Deel dëse Post: