Klima-Wunnengen ok! Awer kee glieserne Bierger, w.e.g.

Déi gréisst Gefor fir de Mënsch an de Bestëmmungen iwwer klimagerecht Bauen a Wunnen, déi den 22. Dezember mat den ADR-Stëmmen duerch d’Chamber gaang sinn, gesäit de Fernand Kartheiser doran, datt d’Privatsphär séier ka verletzt ginn. Dat, well de Staat senge Bierger eng Wunn- a Liewensweis virschreift a mat Strofe verbënnt, wann ee sech net drun hält. Awer och, well de Staat mat neien Technologien (Smart-Meter) ëmmer méi Informatiounen iwwer de Bierger ka sammelen a späicheren.

Wat d’Klimabank ugeet an d’Krediter, déi Leit kréien fir hir Haiser klimagerecht ze sanéieren, huet de Fernand Kartheiser fir weider Mesure plädéiert, a Form vu Subventioune fir Leit, déi sech wierklech mam leschte Su en Haus kaf hunn a kee Moyen hu fir och nëmmen en zënslose Kredit zeréckzebezuelen.

Deel dëse Post: