Klappt d’Regierung dem Iran op d’Fangeren?

D’iranesch Regierung hat d’Fangeren bei engem Attentat zu Paräis am Spill, dee konnt verhënnert ginn. D’Bomm, déi sollt agesat ginn, ass den Terroristen zu Lëtzebuerg vun engem iraneschen, an Éisträich stationéierten Diplomat ausgehännegt ginn, wéi an der Press ze liese war. De Fernand Kartheiser wëll mat enger parlamentarescher Fro Kloerheet iwwert den Oflaf. Hie wëll awer och wëssen, wéi Lëtzebuerg op déi iranesch Amëschung hei am Land reagéiert huet.

Deel dëse Post: