Klärschlammentsuergung zu Lëtzebuerg:

D’Entsuergung vu Klärschlamm ass e wichtegt, awer dacks ënnerschat Thema fir eis national Infrastruktur – esouwuel aus ekologescher wéi och aus logistescher Siicht. Zu Lëtzebuerg gëtt de Klärschlamm iwwert verschidde Weeër entsuergt: e gëtt verbrannt, deelweis an der Landwirtschaft als Dünger agesat, am Ausland verschafft oder an Zementfabricke weiderverschafft. Dobäi stellt sech d’Fro, wéi nohalteg an transparent dës Prozesser iwwer d’Joren iwwerhaapt organiséiert waren a sinn.

Fir méi Kloerheet ze kréien, huet den Norddeputéierte Michel Lemaire follgend parlamentaresch Fro un den Ëmweltminister geriicht:

      • Här President,

        esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ëmweltminister weiderzeleeden.

        De Klärschlamm zu Lëtzebuerg gëtt ë. a. iwwer Verbrennung entsuergt. Mengen Informatiounen no, gëtt e klengen Deel och an der Landwirtschaft als Düngemëttel verwäert an en aneren Deel gëtt am Ausland entsuergt oder an der Zementfabrik matverbrannt.

        An dësem Kontext hätt ech follgend Froen un den Här Minister:

        1. Wéi vill Klärschlamm ass zu Lëtzebuerg an de leschten 10 Joer ugefall, opgelëscht no Joer?
        2. Wéi grouss war den Undeel vun dëser Quantitéit, deen an der Landwirtschaft oder am Gaardebau verwäert gouf?
        3. Wéi vill Klärschlamm ass an de leschten 10 Joer an d’Ausland transferéiert ginn?
        4. Wéi vill Klärschlamm ass an de leschten 10 Joer der Zementfabrik zougefouert ginn?
        5. Besteet fir d’Zukunft en nationaalt Klärschlammkonzept, a wa jo, wéi gesäit dëst aus?

        Mat déiwem Respekt,

        Michel Lemaire

        Deputéierten

Deel dëse Post: