Kënschtlech Intelligenz zu Lëtzebuerg

Den 31. Mäerz 2023 hat déi italieenesch Regierung den Zougang zur kënschtlecher Intelligenz (KI) Plattform ChatGPT vun Open AI an Italie gespaart. Ee vun den Haaptgrënn fir dës Spär war, datt Open AI onrechtméisseg persounebezunn Date veraarbecht huet. Duerch Feeler an enger Open-Source-Bibliothéik ass et dozou komm, datt eng Asiicht an d’Informatioune vu frieme Benotzer ewéi och vun hire Bezueldonnéeë méiglech war. Nodeems déi italieenesch Autoritéit fir den Dateschutz awer gewëss Bedingunge fir d’Fräigi vu ChatGPT gesat hat an déi och ëmgesat goufen, ass ChatGPT an Italien elo erëm erlaabt. De 14. Juni huet dat Europäescht Parlament mat enger iwwerwältegender Majoritéit de Standpunkt vun der EU-Kommissioun ugeholl an domat de Wee fir interinstitutionell Verhandlungen opgemaach, déi zum Ofschloss vum weltwäit éischten ëmfaassende Gesetz iwwer kënschtlech Intelligenz (EU AI Act) féiere sollen. Sollten dës Verhandlungen zu enger endgülteger Reguléierung féieren, da géif déi fréistens am Joer 2026 agefouert ginn.

An deem Kader huet de Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro gestallt.

Deel dëse Post: