Kënne Plagiatsstudenten hiert “Fuddeljoer” bei der Pensiounsberechnung matzielen?

D’Fäll vu Studenten, déi sech hiren Diplom “erschummelt” hunn, ginn ëmmer op en Neits an de Medien thematiséiert. De Fernand Kartheiser huet dozou eng Fro un de Minister fir d’sozial Sécherheet:

Fro:

Vill Studente si sech net bewosst, datt hir Unisjore spéider bei der Berechnung vun hirer Pensioun eng Roll spille kënnen. Aktuell ass et zu Lëtzebuerg sou, datt maximal néng Unisjore benotzt kënne ginn, fir d’Zuel vun de Joren ze erreechen, déi néideg sinn, fir kënne seng Pensioun unzefroen. D‘Studie mussen tëscht dem 18. a 27. Liewensjoer zu Lëtzebuerg oder am Ausland vollbruecht gi sinn. Och e Stage oder Volontariat, wann e(t) vun der betreffender Uni fir d’Erlange vum Diplom gefuerdert gëtt, ka bei der Pensiounsberechnung mat consideréiert ginn. D’Entscheedung, ob an a wéiwäit déi betreffend Unisjore bei der Pensiounsberechnung mat erugezu ginn, gëtt am Moment, wou d’Pensioun ugefrot gëtt, an am Aklang mat de bestoende Pensiounsgesetzer getraff.

( https://www.lessentiel.lu/fr/story/les-annees-d-etudes-comptent-pour-la-retraite-643735333445)

Dës Bestëmmunge kënnen och eng Roll am Hibléck op déi Studente spillen, déi hiren Ofschlossdiplom noweislech duerch Fuddelen oder Bedruch, also z.B. andeems se plagiéiert hunn, erreecht hunn.

An deem Kontext hätt ech folgend Froen und den Här Minister:

  • Kann den Här Minister preziséieren, ob d‘„Fuddeljoer“ bzw. -jore bei der Pensiounsberechnung vum frauduléise Student matgerechent gëtt/ginn, wann esou e Fall bekannt gëtt? Besteet also no der haiteger Gesetzeslag d‘Gefor, datt e Student, deen am Laf vu sengem Liewen entweder selwer zouginn huet, datt hie säin Unisdiplom duerch Plagiat oder onverdéngt kritt huet, bzw. bei deem déi betreffend Uni zur Conclusioun komm ass, datt hie säin Diplom net rechtméisseg kritt huet, bei der Berechnung vu senger Pensioun vun engem „avantage non dû“ profitéiere kann? Wa jo, ass dru geduecht, fir d’Gesetzeslag an deem Sënn ze änneren, datt dat an Zukunft net méi méiglech ass?

 

Äntwert:

Bei der Unerkennung vun de Studienzäite kënnt et op d’Dauer un wärend därer studéiert gouf, net op den
Erfolleg oder d’Bestoe vun engem Examen oder enger Epreuve. An deem Sënn gëllt och d’Aschreiwung
an engem Studiegang als Noweis. Dëse kann awer eventuell mat hëllef vun engem Diplom complétéiert
ginn.

 

Deel dëse Post: