Keng Urgence méi zu Nidderkuer, an elo?

Am Kader vum neie nationale Spidolsplang ass de Service Urgence vum Hôpital Princesse Marie-Astrid” zu Nidderkuer owes a nuets gestrach ginn. Zanter dem 1. Januar 2019 muss sech déi betraffe Populatioun aus der Déifferdenger Gemeng bei engem medezineschen Noutfall bis an den Escher “CHEM” deplacéieren. Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen wëll vum Gesondheetsminister wëssen, ob zousätzlech Moossname geholl gi sinn, fir datt et zu kenger Verschlechterung vun der Gesondheetsversuergung vun den Déifferdenger Bierger kënnt.

 

Deel dëse Post: