Keng TVA-Erhéijung duerch d’Hannerdier!

De Paperjam beriicht iwwert e potenziell héich geféierleche Virstouss vun der Madamm Finanzminister Yuriko Backes. Si soll sech bei engem Treffe mat Vertrieder vun der Belsch an Holland bereet erkläert hunn, iwwert eng Harmoniséierung vun der TVA ze verhandelen. Déi läit souwuel an Holland wéi an der Belsch aktuell bei 21 Prozent an domat véier Prozent méi héich wéi zu Lëtzebuerg. Eng Upassung kéint hei am Land also duerchaus eng Erhéijung duerch d’Hannerdier bedeiten an domat zu enger weiderer Belaaschtung vun der Kafkraaft vun de Stéit féieren. Wéi reagéiert d’Madamm Minister op dëse brisanten Artikel?

Deel dëse Post: