Keng staatlech Tëlee, schonn de Radio100,7 informéiert net neutral!

An der Chamber war eng Debatt iwwer d’Roll vun den ëffentlech-rechtleche Medien zu Lëtzebuerg. Hei huet de Roy Reding gefuerdert datt d’Schafe vun engem ëffentlech-rechtlechen Televisiouns-Sender iwwerflësseg ass. Schonn de Radio 100,7 géif net neutral informéieren, de nämmlechte Programm mat farweche Biller, dat géif absolut kee Sënn maachen! Besonnesch schlëmm och “d’Meinungsmache” vu Journalisten, der ADR géigeniwwer. Do hat zejoert den RTL-Chefredakter vun der Tëlee, de Guy Weber, wärend den Europawalen, besonnesch onfair zougeschloen, en Hohn! Dat huet mat Journalismus näischt méi ze dinn, dofir awer mat Fake News an Hetz!

Deel dëse Post: