Keng Rou tëscht Armenien an Aserbaidschan

Et wär e weidere Krich geféierlech no un der EU. Dofir stellt de Fernand Kartheiser seng parlamentaresch Froen iwwer d’Situatioun tëscht Armenien an Aserbaidschan an de Bierg Karabach als dréngend. Well awer d’Entwécklungen do eis Regierung manner intresséieren, gëtt déi Drénglechkeet mat schéiner Reegelméissegkeet net unerkannt. Och net, wann 100.000 Armenier duerch eng Stroossespärung vun hirem Land ofgeschnidde sinn.

Fro

D’Situatioun tëscht Armenien an Aserbaidschan verschäerft sech nees an der ëmstriddener Géigend vu Bierg-Karabach. Eng wichteg Verbindungsstrooss mat Armenien, déi d’russesch Arméi iwwerwaacht, ass do blockéiert. Wéi ëmmer ass et schwéier, Detailer gewuer ze ginn, mee eenzel Quellen nennen esouguer d’Presenz vun tierkesche Milizen als Ënnerstëtzung vum Aserbaidschan. De Krich an der Ukrain, kombinéiert mat aneren Interessen, ermontert dat aggressiivt Virgoe vum Aserbaidschan. Duerfir hätt ech dës Froen un den Här Bausseminister:

  1. Wéi geféierlech ass déi nei Situatioun an der armenesch-aserbaidschanescher Grenzregioun Bierg-Karabach?
  2. Wéi kann déi Situatioun, an där Armenien relativ isoléiert erschéngt, stabiliséiert ginn?
  3. Wat ënnerhëlt d’Lëtzebuerger Regierung konkret an den internationalen Institutiounen fir Armenien eng gerecht Behandlung ze garantéieren an d’Situatioun ze entschäerfen?
  4. Ass eng Hëllefsaktioun geplangt, fir déi vun Armenien ofgeschnidde Bevëlkerung am Bierg-Karabach oder sinn Gespréicher iwwert esou eng Hëllefsaktioun amgaang?

Äntwert

Äntwert vum Aussen- an Europaminister Jean Asselborn op d’parlamentaresch Fro no. 7372, déposéiert den 13. Dezember 2022 vum Honorablen Deputéierten Här Fernand Kartheiser

  

  1. Wéi geféierlech ass déi nei Situatioun an der armenesch-aserbaidschanescher Grenzregioun Bierg-Karabach?

Déi aserbaidschanesch Offensiv, déi am September 2022 am Süden vun Armenien stattfonnt huet, weist dass d’Situatioun an der armenesch-aserbaidschanescher Grenzregioun an am Bierg-Karabach geféierlech bleift.

2.     Wéi kann déi Situatioun, an där Armenien relativ isoléiert erschéngt, stabiliséiert ginn?

Et ass wichteg, dass Armenien an den Aserbaidschan sech zu weidere Friddensbeméiungen verflichten. Eng militäresch Léisung wäert an kengem Fall zu engem dauerhaften an nohaltegen Fridden féieren.

3.     Wat ënnerhëlt d’Lëtzebuerger Regierung konkret an den internationalen Institutiounen fir Armenien eng gerecht Behandlung ze garantéieren an d’Situatioun ze entschäerfen?

Lëtzebuerg huet säin déift Besuergen betreffend déi militäresch Operatiounen vum Aserbaidschan géint Armenien zum Ausdrock bruecht an eng direkt Astellung vun allen Feindséilegkeeten gefuerdert. Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’Mediatiounsefforten vun der EU fir d’Friddensbeméiungen mat allen Acteuren weider ze féieren. D’EU Beobachtungsmissioun an Armenien (“EUMCAP Armenia”) ass den

  1. Dezember 2022 op en Enn komm an Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’Initiative eng nei EU-Missioun an Armenien fir 2023 ze plangen fir eng konstruktiv europäesch Präsens an der Regioun ze verankeren an den Dialog ze erliichteren.

Wat d’OSZE betrëfft, huet Lëtzebuerg ëmmer d’Mediatiounsefforten vun den Co-Présidencen vum Minsk Grupp ënnerstëtzt.

4.     Ass eng Hëllefsaktioun geplangt, fir déi vun Armenien ofgeschnidde Bevëlkerung am Bierg- Karabach oder sinn Gespréicher iwwert esou eng Hëllefsaktioun geplangt?

Am Fall wou d’EU eng Hëllefsaktioun géif plangen, wier Lëtzebuerg bereet déi mat z’ënnerstëtzen.

Deel dëse Post: