Keng ondemokratesch Walprozedur an der Salariatskummer!

Déi nächst Wale vun der Salariatskummer sollten dëst Joer am November sinn. Well am Oktober awer schonn d’Lëtzebuerger Parlamentswale sinn, ginn d’Wale vun der Salariatskummer elo mat engem Gesetz op d’Joer 2019 verluecht. Den 19. Abrëll huet d’ADR dëst Gesetz an der Chamber matgestëmmt an de Gast Gibéryen huet dës Geleeënheet genotzt, fir op e Punkt anzegoen, dee berechtegterweis aus dem Gesetz gestrach gouf. Den Deputéierten erkläert firwat dëse Punkt eng ondemokratesch Ännerung gewiescht wier. Weider seet hien, datt d’ADR dëst Gesetz net matgestëmmt hätt, wier dëse Punkt am Gesetz drabliwwen.

Deel dëse Post: