Keng Matcher fir d’Dammen an de Futsal?

Mam neie Covid-Gesetz vum 29. Oktober 2020 goufen nei Restriktioune verhaangen. Och fir de Sport huet dëst Konsequenzen. Esou goufe Sportaktivitéiten, wou méi wéi 4 Leit zesummen trainéieren, verbueden. D’Gesetz erlaabt den Ament nëmmen de Schoulsport a Sport um héijen Niveau.

Wou de Gesetzestext präziséiert, wat fir Kaderen nach Matcher spillen duerfen, ginn den Dammefussball an de Futsal net kloer genannt. Dofir wëllt de Jeff Engelen an enger dréngender parlamentarescher Fro vum Sportminister wëssen, ob den Dammefussball an de Futsal stattfannen duerfen oder net.

D’Drénglechkeet vun der Fro gouf allerdéngs net unerkannt, esou datt d’Äntwert dierft op sech waarde loossen.

 

Deel dëse Post: