Keng Impfflicht am Gesondheetssecteur!

D’Regierung huet elo misse Faarf bekennen: A ganz Lëtzebuerg muss d’Corona-Impfung, och fir d’Gesondheetspersonal aus de Spideeler an den Altersheemer fräiwëlleg bleiwen! Mat senger parlamentarescher Fro huet de Jeff Engelen de néidegen Drock op d’Regierung gemaach, dat fir datt des mol endlech seet wat Saach ass, wat eng méiglech Impfflicht ugeet! Dat virum Hannergrond  vun der partieller Impfflicht déi d’ franséisch Regierung Mëtt September aféiere wëll an déi fir d’Gesondheets- a Fleegepersonal obligatoresch ass. Déi franséisch Frontalieren déi am lëtzebuergesche Gesondheets- a Fleegesecteur beschäftegt sinn, ënnerleien dëser Impfflicht net!

Deel dëse Post: