Keng historesch DC-3 fir Lëtzebuerg

Laut engem Artikel um Site vum Luxemburger Wort, gouf zënter zwee Joer de Plang verfollegt, fir eng historesch DC-3 vum Findel aus fléien ze loossen. De Plang wier elo awer gescheitert, well déi zoustänneg lëtzebuergesch Autoritéit d’Zouloossung vun deem Fliger anscheinend verweigert hätt. Schliisslech soll de Fliger elo an Irland ugemellt an do exploitéiert ginn. De Roy Reding stellt eng parlamentaresch Fro, fir gewuer ze ginn, ob dëst der Wourecht entsprécht a wat d’Grënn dohannert sinn.

Deel dëse Post: