Keng Garantië beim Ofschafe vum Bankgeheimnis

En Donneschdeg, den 20 Mäerz, war et sou wäit: Lëtzebuerg an Éisterräich hunn offiziellt hiert Bankgeheimnis opginn. De Premier Xavier Bettel huet den Accord zu dëser Decisioun ginn, ouni datt Lëtzebuerg Garantien huet, datt d’Verhandlunge mat Drëttstaaten (virun allem mat der Schwäiz) als Resultat hätten, datt déiselwecht Bedingunge fir all Bankeplazen an Europa gëllen. D’ADR bedauert dëst zudéifst, an ass besuergt ëm d’Zukunft vun eiser Finanzplaz.

Ob Naivitéit oder Dilettantismus, d’ADR stellt fest: de Premier huet d’Bankgeheimnis geopfert ouni wierklech Garantien ze kréien, wat d’Konkurrenz vun anere Bankeplaze wéi d’Schwäiz ugeet, an och ouni soss iergendwellech Kompensatioune fir de Grand-Duché. Lëtzebuerg, queesch duerch all Parteien, war sech bis elo eens, datt den automateschen Austausch vu Bankinformatiounen nëmmen da kéint a Kraaft trieden, wa fir all – zumindest europäesch – Bankeplazen déiselwecht Konditioune géifen applizéiert ginn. De Premier Xavier Bettel huet zu Bréissel nëmmen d’Versprieche krut, datt mat der Schwäiz, Lichtenstein, Monaco, Andorra a San Marino géif verhandelt ginn. Wat aus dëse Verhandlungen eraus soll kommen, dat steet an de Stären.

Zitat aus de Conclusioune vum Sommet: „Le Conseil européen demande à la Commission de faire avancer rapidement les négociations menées avec ces pays, de manière à ce qu’elles puissent être achevées avant la fin de l’année, et l’invite à lui présenter, lors de sa réunion de décembre, un rapport sur l’état d’avancement des travaux. En l’absence de progrès suffisants, la Commission devrait examiner dans son rapport les options envisageables pour assurer le respect de la nouvelle norme mondiale.“

D’ADR kuckt mam Skepsis op d’Resultat vun dëse Verhandlungen. Datt déi nei Regierung noginn huet, ouni d’Resultat vun dëse Verhandlungen ofzewaarden, ass e grousse Feeler, deen eist Land kéint ganz deier bezuelen. D’ADR erënnert, datt an der EU a Steierfroen d’Decisioune mussen eestëmmeg geholl ginn, also mam Accord vu Lëtzebuerg.

Deel dëse Post: