Keng Erpressung duerch d‘Tierkei !

D’ADR bedauert zudéifst, datt d’EU sech am Kader vun der Migratiounskris vun der Tierkei ënner Drock setze léisst. D’ADR begréisst, datt d’Tierkei finanziell Ënnerstëtzung kritt, fir d’Versuergung vun de Flüchtlingen, déi op hirem Territoire Schutz fonnt hunn. D’ADR ass awer géint all aner Konzessiounen an erënnert un hir Positioun, datt d’Tierkei net däerf Member vun der EU ginn.

An där aktueller Migratiounskris huet d’EU en Accord mat der Tierkei fonnt, den ënner anerem virgesäit, datt d’Tierkei finanziell Ënnerstëtzung kritt, fir hir bei der Versuergung vun deene Persounen ze hëllefen, déi op hirem Territoire Schutz gesicht hunn. D’ADR huet gefuerdert déi Länner finanziell ze ënnerstëtzen déi Réfugiéë bei sech ophuelen a si begréisst dowéinst och dësen Accord mat der Tierkei. D‘Héicht vun der Hëllef muss allerdéngs deene reelle Besoinen ugepasst sinn.

D’ADR ass awer géint all aner Konzessiounen un d’Tierkei a seet kloer, datt d’Tierkei d’EU an hir Memberstaaten net däerf ënner Drock setzen. Et gesäit awer leider elo esou aus, datt d’Tierkei Drock mécht fir hir Bäitrëttsverhandlungen zu der Europäescher Unioun ze acceleréieren an och Konzessiounen an der Visa-Politik ze kréien. E neit Verhandlungskapitel tëschent der EU an der Tierkei gëtt elo opgemaach.

D’ADR widderhëlt dowéinst nach eemol hir Positioun, datt d’Tierkei net däerf Member vun der EU ginn an datt d’Verhandlunge mat der Tierkei nëmme sollen iwwer eng privilegiéiert Partnerschaft geféiert ginn.

D’ADR verlaangt och, datt d’Tierkei, am Kader vun där aktueller Migratiounskris, op d’Lëscht vun deene sécheren Drëttstaate gesat gëtt.
Pressematdeelung vum 23. Oktober 2015

Deel dëse Post: