Keen Aushielege vun eisem Schoulsystem!

D’ADR ass entsat iwwert den neie Gesetzesprojet vum Schoulminister, dee virgesäit, datt de Minister Lycéesdirekteren an d’Direktere vum SCRIPT a vum IFEN aus der Privatwirtschaft ernenne kann, datt dës Persoune mol keng pedagogesch Ausbildung brauchen a just nëmmen nach zwou vun dräi Verwaltungssprooche musse kënnen. Et ass kloer, datt dëst gläichzäiteg och en neien Ugrëff op d’Lëtzebuerger Sprooch ass!

  D’ADR fuerdert dat, wat eigentlech evident misst sinn:

  • datt d’Membere vun all den Direktiounen déi dräi Verwaltungssproochen op engem héijen Niveau beherrsche mussen;
  • datt d’Membere vun allen Direktiounen eng pedagogesch an didaktesch Ausbildung virweise kënnen;
  • datt d’Membere vun all den Direktioune beim Léierpersonal rekrutéiert ginn; dëst garantéiert, datt si d’Besonneschkeete vun eisem Schoulsystem kennen a verstinn .

D’ADR ass iwwerzeegt, datt dëst Gesetz e weidere Schrëtt fir den Ëmbau vun eisem Land duerstellt. Zil wäert wuel sinn, d’Bedeitung vun der Lëtzebuerger Sprooch nach weider zeréck ze drängen. Firwat sollt de Minister soss Direkteren asetze wëllen, déi nëmmen zwou vun eisen dräi Verwaltungssprooche kënnen an déi dann de Schüler mussen erklären, datt si keng 7ième packen, ouni déi dräi Sproochen ze kënnen? Et ass absurd! Wat ass also wuel deen nächste logesche Schrëtt? D’ADR erënnert drun, datt et kee valabelt Argument fir dëst Gesetz gëtt. Et gi genuch Kandidaten, déi d‘aktuell Ufuerderungen erfëllen. Och d’Akerbauschoul, op déi de Minister et speziell ofgesinn huet, stellt sech géint dat Gesetz a seet, datt si genuch Kandidaten ënnert dem Léierpersonal géife fannen. D’ADR ass och doriwwer entsat, datt dëst geféierlecht Gesetz am “stillen Kämmerlein” matten am August erausgi gouf, wärend der Corona-Kris, an dat ouni datt de Minister virdru mat de Schouldirekteren an de Gewerkschafte geschwat huet! D’ADR erkennt ganz kloer d’Salamitaktik vum Minister, fir scheiwechersweis an a reegelméissegen Ofstänn un eisem Schoulsystem ze krazen an dësen esou lues a lues auszehielegen, ouni datt et soll opfalen.

D’ADR constatéiert beim Minister Meisch e chronesche Manktem u Respekt fir d’Professeren, d’Léierinnen an d’Schoulmeeschteren a fir dat ganzt Personal aus de Schoulen, nom Motto “ist der Ruf erst ruiniert, lebt es sich ganz ungeniert”. Firwat géif de Minister soss kee Wëlle fir eng Zesummenaarbecht mat all den Haaptconcernéierte weisen?

Dem Här Meisch säi Gesetz ass en neien Ugrëff op eis Sprooch, op d’Integritéit vun eisem ëffentlechen Déngscht an op d’Qualitéit vun eisem Schoulsystem! D’ADR wiert sech géint dëst Gesetz a verséchert all den anere politesche Parteien a concernéierte Gewerkschaften hir Ënnerstëtzung am Kampf géint d’Aushielege vum Schoulsystem.

ADR-Pressematdeelung vum 16. November 2020

Deel dëse Post: