Kee Patentrezept fir den Aarbechtsmaart

Et gëtt kee Patentrezept fir den Aarbechtsmaart, huet de Gast Gibéryen an der Debatt bei der CSV-Interpellatioun de 24. Februar an der Chamber gemengt. Well d’Zuelen fir de Chômage erof ginn, hatt hie vill Luef fir d’ADEM an hir Reformen an esou guer e bësse fir d’Regierung. Mä hien huet och froen: Firwat kënnen d’Entreprisen elo eréischt verspriechen, 5.000 Leit vun der ADEM iwwer déi nächst Joeren anzestellen? Firwat ass de Chômage esou laang geklommen, obwuel am Land a gudde wéi a schlechte Joeren eng 10.000 nei Plazen opgaang sinn. Seng Erklärung: Et gëtt ëmmer manner Frontalieren, déi am Stau wëlle stoen. Seng Suggestioun: Och wann e Personalbüro vu Frontaliere gefouert gëtt, déi d’Land net kennen, sollen déi Leit fir d’éischt bei der ADEM kucken, ir nei Frontalieren agestallt ginn.

Deel dëse Post: