Kee Master fir d’Lëtzebuerger Sprooch a Kultur.

De Succès vun der Petitioun fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch beweist, sollt et dann nach néideg gewiescht sinn, datt de Lëtzebuerger u senger Sprooch hält. Fir d’Lëtzebuerger Sprooch weider ze entwéckelen, och z.B. fir Gesetzer a juristesch Texter, musse méi Efforte fir eis Sprooch gemaach ginn. Dëst och op der Uni!

Leider schéngt et, wéi wann d’Coursë fir de Master an der Lëtzebuerger Sprooch a Kulter dëst Joer ofgesot gi wären, dëst wëll net genuch Kandidaten ageschriwwe sinn.

Dowéinst huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser dem Minister eng parlamentaresch Fro gestallt. Gefrot gëtt ënner anerem no den Ursaache wéisou esou wéineg Kandidate fir dëse Cours ageschriwwe sinn, an no der Promotioun fir dës Formatioun.

Den Héichschoulminister bestätegt d’Informatioun, a schéingt sech domadder ofzefannen, datt nëmme 4 Kandidaten sech gemellt hunn.

Deel dëse Post: