Kee Lëtzebuerger Riichter um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter?

Zu de Kandidaten, déi Lëtzebuerg dem Europarot fir de Poste vum Riichter um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter proposéiert hat, huet och en däitsche Staatsbierger gehéiert. De Fernand Kartheiser huet dozou e puer Froen un d’Regierung.

Fro:

D’Riichteren um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter gi fir all Land vun der Parlamentarescher Versammlung vum Europarot aus enger Lëscht vun dräi Kandidate gewielt, déi vum betreffende Staat proposéiert ginn. Déi gewielt Riichtere sinn awer onofhängeg, oder sollen et op d’mannst sinn.

Wéi een an engem Bréif, datéiert op de 27. Oktober 2023, vum Lëtzebuerger Ambassadeur beim Europarot un d‘Generalsekretärin vun der Parlamentarescher Versammlung vum Europarot liese kann, hat Lëtzebuerg dësem Organ dräi Kandidate fir de Poste vum Riichter um EGMR proposéiert, vun deenen een déi däitsch Nationalitéit hat. Am selwechte Bréif liest een: « La procédure de sélection nationale au Luxembourg s’est largement basée sur les lignes directrices du Comité des Ministres du Conseil de l’Europe du 28 mars 2012 concernant la sélection des candidats pour le poste de juge à la Cour européenne des droits de l’homme ». Zum Schluss vum Bréif heescht et: « Cette liste [mat den dräi Kandidaten] ainsi que les noms des autres candidats a été remise à Madame la ministre de la Justice, qui a fait sienne la liste adoptée par le Comité de sélection national. »

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Madamm Justizminister:

  • Kann d’Madamm Minister preziséieren, a wéiwäit sech Lëtzebuerg un d’« lignes directrices du Comité des Ministres du Conseil de l’Europe du 28 mars 2012 concernant la sélection des candidats pour le poste de juge à la Cour européenne des droits de l’homme »gehalen huet, an a wéiwäit net ?
  • Ass d’Madamm Minister grondsätzlech der Meenung, datt Lëtzebuerg beim Choix vun den dräi Kandidaten, déi eist Land der Parlamentarescher Versammlung vum Europarot proposéiert, dovun ausgoe sollt, datt déi Kandidaten déi Lëtzebuerger Nationalitéit sollten hunn, wuelwëssend, datt et op europäeschem Niveau bis elo, wann iwwerhaapt, extrem rar war, datt e Land e Kandidat aus engem anere Land proposéiert hat? Wëll d’Madamm Minister an Zukunft dofir suergen, datt nëmme Kandidate mat der Lëtzebuerger Nationalitéit fir de Poste vum Lëtzebuerger Riichter um EGMR zréckbehale ginn?
  • Wann net, wier et fir d’Madamm Minister deemno politesch akzeptabel, wa kee Riichter mat Lëtzebuerger Nationalitéit um EGMR wär?

Äntwert:

D’Mandat vum Riichter um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter huet eng Dauer vun 9 Joer. Esou wäert d’Mandat vum neie Riichter fir Lëtzebuerg, dat am Mee 2024 ufänkt, bis 2033 goen. Déi nächst Selektiounsprozedur fir Lëtzebuerg wäert deemno viraussiichtlech am Joer 2032 ustoen. Dës Prozedur wäert dee Moment vun enger nächster Regierung ad hoc evaluéiert an, falls et enger nächster Regierung sollt opportun erschéngen, ugepasst ginn.
D’Dispositioune vun der nationaler Selektionsprozedur 2023 hunn zum ganz groussen Deel deene vun de lignes directrices du Comité des Ministres du Conseil de l’Europe du 28 mars 2012 concernant la sélection des candidats pour le poste de juge à la Cour européenne des droits de l’homme entsprach an déi relevant Dokumenter zur Prozedur, wéi den Appel à candidatures, sinn och ëffentlech accessibel. Wéi an de lignes directrices e.a. virgesinn, hunn d’Kandidate misse gutt Kenntnisser vum nationale Rechtssystem vum Land hunn, dat si proposéiert, an dësem Fall vum lëtzebuergeschen Rechtssystem. An der nationaler Prozedur gouf nach präziséiert, datt d’Kandidate an der Matière vum droit international public solle spezifesch Kenntnisser am Beräich vun de Mënscherechter hunn.
Net virgesinn ass an de lignes directrices, datt d’Kandidaten d’Nationalitéit vum Land mussen hunn, dat si proposéiert. Dëst gouf och an der lëtzebuergescher Prozedur 2023 esou gehandhaabt. Déi national Prozedur huet allerdéngs explizit verlaangt, datt all Kandidat d’Lëtzebuerger Sprooch muss maîtriséieren.
Soss gesinn d’lignes directrices plazeweis dann nach Hypotheese vir, déi fir déi lëtzebuergesch Prozedur 2023 net applikabel waren. Zum Beispill gesäit de Punkt III. 3. vun de lignes directrices d’Hypothees vir, datt net genuch gutt Kandidate sech mellen. Dat war zu Lëtzebuerg net de Fall. De Punkt III. 4. gesäit de Fall vir, wou Kandidate vun tierces parties proposéiert ginn. Och dat war net de Fall.
Et sief nach betount, datt déi dräi Kandidaten, déi Lëtzebuerg fir d’Mandat vum Riichter um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter der Parlamentarescher Versammlung vum Europarot proposéiert huet, der viregter Justizministesch, wéi an de lignes directrices virgesinn, vun engem nationale Selektiounscomité recommandéiert gi sinn. Och bei der Kompositioun vun dem Selektiounscomité ass sech un d’lignes directrices gehale ginn.
D’Madamm Ministesch ass der Meenung, datt dësen nationale Selektiounscomité seng Missioun mat grousser Suergfalt erfëllt huet, an datt déi national Selektiounsprozedur 2023 garantéiert huet, datt Lëtzebuerg dräi gutt Kandidate fir d’Mandat vum Riichter vum Europäesche Geriichtshaff vun de Mënscherechter proposéiere konnt.

 

Deel dëse Post: