Kee Kulturkampf an eise Garagen!

D’EU verbitt de Leit eesäiteg en Auto mat Verbrennungsmotor ze immatrikuléieren. D’ADR mécht dee Blödsinn net mat a seet: Fräi Wiel fir fräi Bierger!

Hei déi ganz Matdeelung am Wuertlaut:

De Verbrennungsmotor net ofschafen! D’ADR verdeedegt déi individuell Mobilitéit.

Den europäeschen Zouloossungsverbuet fir Verbrennermotoren vun 2035 un ass eng reng ideologesch Schikan. Weder wëssenschaftlech nach verkéierstechnesch mécht esou e Verbuet Sënn. Zu Lëtzebuerg gëtt et nach ëmmer keng flächendeckend Alternativ zum Auto. A beim Auto gëtt et nach fir ganz laang Zäit keng nohalteg Alternativ zum Verbrennungsmotor.

Fräi Mobilitéit ass e Recht – grad an der EU. De Choix vum Fortbeweegungsmëttel muss et och sinn. De privaten Auto ass en Deel vun eiser Fräiheet a vun eiser Liewensqualitéit. Aus ville verschiddene Grënn si vill Leit op hiren Auto ugewisen a brauchen en am deegleche Liewen. Moossnahmen déi d’Mobilitéit vun de Bierger kéinten aschränken oder esouguer a Fro stellen si fir d’ADR net akzeptabel.

Elekroautoen sinn nëmmen ageschränkt a fir relativ kuerz Distanzen ze gebrauchen. D’Ressource fir eng Masseproduktioun sinn net geséchert. Déi ekologesch, politesch a sozial Problemer fir un déi Ressourcen ze kommen sinn enorm. D’Ofhängegkeet vu China, dat weltwäit mat déi meescht vun dëse Ressourcen huet, ass problematesch. D’Batterie-Technologie mécht nëmme lues Progrèsen a Luedstatioune feelen nach laang Joeren. D’Stroumnetz, dat an Zukunft op wichteg Sockel-Energieë wéi Kuel, Gas an Atom soll verzichten, ass mam Lueden vun enger grousser Zuel vun Elektroautoen séier iwwerfuerdert. D’Stroosseninfrastruktur war ni fir d’Gewiicht vun E-Autoen ausgeluecht. Fir vill Aktivitéite gëtt et héchstwahrscheinlech och 2035 nach keng gutt Alternativen zum Verbrennermotor, z.B. an der Logistik.

Déi EU-Initiativ fir de Verbrennermotor ofzeschafen schued de Verbaucher. Autoe mat engem Verbrennermotor hunn elo schonn e Präisverloscht, besonnesch bei Dieselautoen. Och der Industrie entsti ganz vill direkt an indirekt Käschten duerch de Verbued vum Verbrennungsmotor. D’Autoindustri gëtt onnéideg geschwächt woubäi ausgerechent si mat dee wichtegsten a kompetitivsten, europäeschen Industrisektor ass. Och op Lëtzebuerg mat sénge villen Zouliwwerbetriber kann dat negativ Konsequenzen hunn.

Argumenter géint den Zouloossungsverbuet gi gär mat Wonschdenken entkräft … nach net erfonnten technologesch Usäz sollen all Problemer aus dem Wee raumen. Wierklech? Bis 2035? Alt nees wëll Europa eleng d’Welt retten – keng aner gréisser Regioun op der Welt geet mat op dee Wee.

Mir deelen all de Wonsch fir eis Emwelt ze schounen mee de Verbuet vum Verbrennungsmotor ass e Resultat vun ideologeschem politeschem Wonschdenken. D’ADR ass fir Technologieoppenheet a fir eng konsequent Ennerstëtzung vu Fuerschung an Entwécklung – net fir Verbueter an onsënneg Agrëff an déi fräi Maartwiertschaft. D’ADR wëll weder dem Verbraucher nach eiser Ekonomie schueden mee zësumme mat hinnen eng nach méi emweltfrëndlech Zukunft virbereeden. E Kulturkampf géint den Auto oder géint déi individuell Mobilitéit gëtt et mat der ADR net!

Deel dëse Post: