Kee Krankeschäin, keen erreechbar…

Wann op der Hotline vun der Santé deeglaang kee Mënsch erreechbar ass an e Salarié, deen eigentlech a Quarantän bleiwe soll, einfach kee Krankeschäin zougestallt kritt, geréit ee séier an eng ganz kritesch Situatioun. Vill Leit wëssen einfach net méi weider… Gutt, datt d’Drénglechkeet vun der parlamentarescher Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen unerkannt gouf. Elo muss séier eppes passéieren!

Deel dëse Post: