Kee gesetzleche Plafong bei de Spidolsbetter!

D’Zuel vun de Spidolsbetter ass hei am Land op maximal 3.100 Unitéite begrenzt ginn, dat iwwert d‘ Spidolsgesetz vun 2018. Wéi dat gestëmmt ginn ass, hate mir hei am Land ronn 4 Better pro 1000 Awunner, eis däitsch Noperen haten der vill méi, nämlech ganzer 13 Better pro 1000 Awunner zur Dispositioun. Den Deputéierte Jeff Engelen stellt sech d’Fro firwat eise Gesondheetssystem hautdesdaags eigentlech net besser opgestallt ass, grad a Krisenzäiten. Fir d’ADR ass d’Saach awer kloer, zënter 2004 hunn, successiv, sozialistesch Gesondheetsministeren d’Zuel vun de Spidolsbetter erof- am Plaz eropgesat, an dat trotz enger Bevëlkerungsexplosioun. D’ADR huet elo eng Gesetzpropositioun deposéiert wou se virschléit fir de Plaffong bei de Spidolsbetter ganz ze sträichen. D’Unzuel vun de Spidolsbetter muss an enger sanitärer Kris séier ugepasst kënne ginn a natierlech och un de séiere Wuesstem vun der Populatioun. Weider ass et och d’Propositioun fir eng nei Struktur opzebauen, wou een allzäit Reservebetter zur Dispositioun ka stellen.

Deel dëse Post: