Kee Führerschäin, keng Pabeieren… an dann?

Reegelméisseg mellt d’Police grand-ducale an hire Pressematdeelungen, datt si op Automobiliste gestouss sinn – éischter duerch Zoufall, oder well dës duerch eng “onsécher Fuerweis” op sech opmierksam gemaach hunn – déi kee Führerschäin hunn. E Beispill geet op d’Silvesternuecht zréck, wou e Chauffer ugehale ginn ass, deen zouginn huet, schonns 10 Joer kee Führerschäi méi ze hunn. Dobäi hat de Mann och nach Alkohol a Kokain konsuméiert.

Ganz oft fueren dës Leit an Autoen, déi entweder guer net ugemellt sinn, keng Assurance, keng bezuelte Vignette oder keng valabel technesch Kontroll hunn.

Dowéinst huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser dem Policeminister an dem Justizminister eng Rei Froe gestallt, déi sech em d’Konsequenze vun esou engem Behuelen dréinen. Ronn 700 där Fäll, esou d’Äntwert, vu Fueren ouni Führerschäin zielt d’Police Joer fir Joer, also bal zwee den Dag

Deel dëse Post: