Reegelméisseg mellt d’Police grand-ducale an hire Pressematdeelungen, datt si op Automobiliste gestouss sinn – éischter duerch Zoufall, oder well dës duerch eng “onsécher Fuerweis” op sech opmierksam gemaach hunn – déi kee Führerschäin hunn. E Beispill geet op d’Silvesternuecht zréck, wou e Chauffer ugehale ginn ass, deen zouginn huet, schonns 10 Joer kee Führerschäi méi ze hunn. Dobäi hat de Mann och nach Alkohol a Kokain konsuméiert.

Ganz oft fueren dës Leit an Autoen, déi entweder guer net ugemellt sinn, keng Assurance, keng bezuelte Vignette oder keng valabel technesch Kontroll hunn.

Dowéinst huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser dem Policeminister an dem Justizminister eng Rei Froe gestallt, déi sech em d’Konsequenze vun esou engem Behuelen dréinen.