Kee Feier ënner fräiem Himmel: Feier am Stréi

Verschidde Leit kruten an de leschten Deg onverhofft Besuch vun der Police: Se hate wéi all Joers e Feier gemaach, fir hire Bam- Hecken- a Planzeschnatt ze verbrennen, dee beim Botze vu Gaard, Feld, Heck, Bësch, Bongert oder Wéngert eben esou ufällt. An dat kascht zënter dem 18. Dezember 2015 dank der Madame Ëmweltminister 145 Euro an ass d’ganz Joer verbueden.

En zimlecht Iergernes, wat d’Regierung an engem Reglement laanscht d’Chamber geschmuggelt huet: Well et ass mat méi Aarbecht verbonnen fir all déi, déi an der Natur schaffen a déi vill Zäit verléieren an dacks vill Kilometer musse fueren fir dat Material elo ze entsuergen. A Privatleit hätte bal néideg, sech en Unhänger un den Auto ze maachen, oder en Häcksler, deen dann ëmweltonfrëndlech am mat Kaméidi dat Geäschts kleng mëcht fir ze transportéieren. Et kann een op mannst wat de Planzeschnatt ugeet kaum vun ëmweltfrëndleche Notze schwätzen, éischter vum Contraire.

Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen hat eng parlamentaresch Drénglechkeetsfro gestallt, där hir Drénglechkeet awer net unerkannt gouf. Dobäi presséiert et fir eng Äntwert ze kréien: Well nom Reglement ass et net méi méiglech eng Buerg hei am Land ze brennen, ouni eng safteg Geldstrof ze riskéieren. A Buergbrennen ass e Sonndeg 8 Deg awer bis dohinn huet d’Ministesch jo kaum op d’Fro geäntwert …

Deel dëse Post: