Kaviarsozialismus zu ëffentleche Laaschten?

D’Relatioun vun de Sozialiste mat eisen Independanten ass virun allem duerch Jalousie gepräägt, wéi den deemolegen Aarbechts- a Vizepremierminister Dan Kersch wärend der COVID-Kris zum Beispill doduerch demonstréiert huet, hinnen all Form vun Indemnitéit fir de staatlech decidéierten Aarbechtsverbuet ze verweigeren.  Et iwwerrascht duerfir wéineg, wann een an der Press liest, datt säi Partei- a Ministerkolleeg Franz Fayot sech eng ganz Rei Niewekäschte vum Staat bezuele gelooss huet, déi Independante mol net steierlech ofsetzen dierfen. Gesäit d’Madamm Finanzminister deementspriechend Handlungsbedarf, fir dem Franz Fayot seng Ofrechnung steierlech och nach eng Kéier op de Leescht ze huelen?

Deel dëse Post: