Kannerrechter am Viirdergrond

Et war eng laang an ureegend Diskussioun, déi den Ombuds-Comité fir d’Rechter vum Kand an hire President René Schlechter den 30. Mee an enger Entrevue mam Fernand Kartheiser gefouert hunn. Hie war begleet vun den Dammen Paula Martins (Komitee), Françoise Gillen (Direktiounsrot) an Anouk Kayser.

Eng ganz Rëtsch Problemer goufen bei der Adoptioun, bei der Tutelle an och am Fall, wou Elteren am Prisong sinn, identifizéiert. Besonnesch bedauert den ORK, dat et kee Code fir Jugendstroofrecht zu Lëtzebuerg gëtt. D’Aamierk vum Komitee geet an Zukunft och op de Sport. Duerch d’Sportveräiner a -federatioune geet eng Majoritéit vun alle Kanner hei am Land. Allerdéngs schéingt d’Konventioun fir Kannerrecht a Sportskreesser keen Thema ze sinn.

En aneren Deel vun de Problemer betrëfft d’Situatioun vu Flüchtlingskanner. Den Ombuds-Comité bedauert, datt net iwwerall nom iwwergeuerdenten Interêt vun de Kanner gekuckt gëtt, esou wuel bei der Ënnerbréngung mat den Elteren, wéi och am Fall, wou Mannerjäreger ouni Begleedung op Lëtzebuerg kommen.

Aner Klack, nämmlecht Klo: Reech eng Hand …

Genee déi Klo war schonn an enger aner Entrevue den 30. Mee ugeklongen. Stellvertriedend fir vill kathoulesch Associatiounen, déi an der Hëllef fir Flüchtlingen aktiv sinn, waren d’Marie-Christine Ries (Reech eng Hand), den Yves Schmidt (Caritas), Dominique von Leipzig (Reech eng Hand), Marie-Paule Schmit-Ley (Jésuites-GIM) an Agnès Rausch (CVX)  mat ähnleche Fuerderunge fir d’mannerjäreg Flüchtlingen ugetrueden. Besuergt iwwer d’mënschlech Wiert hate si och ganz praktesch Uleies, zum Beispill en Auswäis a Bezuelungsmëttel a méi engem diskrete Format, eng pragmatesch Unerkennung vu schouleschen Diplomer, Aarbechtsméiglechkeeten zu onkomplizéierte Modalitéiten. Dës Entrevue mam Fernand Kartheiser war fir d’ADR d’Geleeënheet, nach eemol drop ze verweisen, datt d’Opnamméiglechkeeten an d’Mëttele vum Sozialsystem hei am Land an an Europa net onbegrenzt sinn

 

 

 

 

 

Deel dëse Post: