Kannergeldsteier! A wat kennt duerno?

Familie_575x434px

De Wee fir de Budget vum Zentralstaat nees an den Equiliber ze brénge kann net iwwert d’Aféierung vun neie Steiere goen, an och net iwwert d’Erhéijung vu bestehende Steieren an Taxen. D’ADR ass kategoresch géint eng nei „Kannergeldsteier“ a warnt virun de nächsten Erfindunge vun der Blo-Rout-Grénger Regierung fir de Bierger nach méi Geld aus den Täschen ze zeien. Gesond Staatsfinanze mussen iwwert Aspuerungen am Staatsbudget erreecht ginn, d’ADR huet duerzou eng ganz Rei vu konkrete Virschléi gemaach.

Déi Blo-Gréng Koalitioun hat an der Stad hir Kreativitéit bewisen: wéi een iwwert ëmmer nei Weeër dem Steierzueler kann an d’Täsch gräifen, z.B. mat der Aféierung vun enger Reewaassertaxe Elo wou se am Land d’Soen hunn gëtt des Taktik monter weidergefuer. Esou sollen et Pläng ginn, fir eng Kannergeldsteier anzeféieren! Dëst e puer Deeg nëmmen no der Diskussioun iwwert eng Taxe op de Kilometer fir Automobilisten, ouni vun der massiver Hausse op der TVA bei den „zweet“- Wunnengen an dem alkoholiséiertem Gedrénks ze schwätzen.

Wat kënnt als nächst? Musse mer ons geschwënn mat de Gréngen eng Taxe fir propper Otemloft gefaasst maachen, mam der sozialistescher Gesondheetsministesch op eng Zockertaxe op de Limonaden an eng Gesondheetsabgabe op Botter a Margarine? Déi Blo, fréier eemol Liberal, maachen dëst alles mat an hire Finanzminister freet sech!

D’ADR ass gewëllt, keng vun deenen neie Steiere matzedroen, grad esou wéineg wéi Erhéijungen op den Taxen, dëst esou laang wéi net ganz kloer op der Säit vun den Depensen all Ustrengungen ënnerholl gi sinn. Dobäi muss als éischt op d’Feelinvestitioun Tram, dee mat wäit iwwert 1 Milliard Euroen wäert an de Budget agoen, verzicht ginn. Extern Etuden mussen op e Minimum beschränkt ginn, Administratiounen a Verwaltungen (Beispill OLAI) mussen hir Mëttelen effikass asëtzen, d’Bäiträg vu Lëtzebuerg un international Organisatiounen an Euro-Hëllefsfonge mussen un d’Moyenne vun deenen anere Länner ugepasst ginn…Eréischt wann all dës Moossnamen a Kraaft sinn, an dann nach e Lach am Budget sollt bestoen, däerf iwwer aner Moossnamen nogeduecht ginn.

Pressematdeelung vum 17. Juli 2014

Deel dëse Post: