Kannerbetreiung a Corona: Ongereimtheeten

Am Kader vum Corona-Noutstand ass d’Kannerbetreiung ferm op d’Kopp gestallt ginn. Gutt, datt d’Famill hir eigentlech Roll nees konnt iwwerhuelen, nodeems ee laang konnt mengen, Kannerbetreiung wär d’Aufgab vum Staat. De Staat allerdéngs huet konventionéiert Strukture wärend der Kris zougemaach, mee och därer, déi net konventionéiert sinn, also kee staatleche Vertrag hunn. Hei stellt de Fernand Kartheiser d’Fro vun der Rechtméissegkeet. A senger dréngender parlamentarescher Fro geet hien op eng Rëtsch Ongereimtheeten an, an zwar op Franséisch, well d’Froen esou ënnert de Neel brennen, datt keng Zäit fir laang Iwwersetzung war.

Deel dëse Post: