Kannerbetreiung a Chancëgläichheet

Op daf Oueren ass de Regierungschef bestëmmt net gestouss, wou e viru 5 Joer a senger Ried zur Lag vun der Natioun erkläert huet, d’Kannerbetreiung zu Lëtzebuerg géif  „à terme“ gratis ginn. Schliisslech sinn all d’Eltren, déi sech mat der wichteger Fro vun der Balance tëscht Famill a Beruff mussen ausernanersetzen, dovunner betraff. Kuerz no dëser zimlech spektakulärer Annonce goufen déi sougenannte Chèques-service presentéiert, an zwar als éischt Etapp a Richtung Gratuitéit a mam Resultat, datt sech vill Leit op dës Offer gestierzt hunn.

Deenen Eltre misst et spéitstens zënter der leschter Schoulrentrée opgefall sinn, datt se – fir et manéierlech auszedrécken – erageluecht goufen. Am September 2012 ass d’Eegebedeelegung fir d’Familljen eng éischte Kéier gehéckt ginn; ugangs des Joers koum eng zweet Neiberechnung vun de Chèques-service, duerch déi d’Kannerbetreiung nach méi deier ginn ass. Et ass sécher net falsch, e System no engem gewëssenen Zäitraum z’adaptéieren. Et ass awer inakzeptabel, dat Blot vum Himmel ze verspriechen an duerno d’Familljen, déi dru gegleeft hunn an sech och deementspriechend organiséiert hunn, op eemol esou staark ze belaaschten.

Nieft dem reng finanziellen Aspekt huet d’Regierung bei der Aféierung vun de Chèques-service och op déi sozial a pädagogesch Dimensiounen insistéiert. D‘Kanner, déi doheem net d’Lëtzebuergescht, mä soss eng aner Mammesprooch vermëttelt kréien, sollte besser integréiert ginn.

Gëtt e Kand zum Beispill an enger Maison-relais betreit, besteet effektiv d’Méiglechkeet, datt en d’Nationalsprooch méi séier léiert. Dës Plaze sinn allerdéngs immens limitéiert.

Ass e Kand awer an enger privater Crèche ageschriwwen, kritt en déi Sprooche vermëttelt, déi d‘Personal beherrscht. D’Gesetz gesäit an deem Beräich keng spezifesch Conditioune vir. Och wann an enger Betreiungsstruktur keng vun deenen dräi unerkannte Sprooche geschwat gëtt, kann se en Agreement accordéiert kréien a vun de Chèques-service profitéieren.

Fir d’Familljen, déi sech nëmme fir e puer Joer zu Lëtzebuerg nidderloossen, sinn esou Crèchen ouni Zweifel eng Noutwennegkeet. Fir déi aner, dat heescht fir déi Familljen, déi hei wëlle bleiwen an hei eng nei Heemecht fonnt hunn, besteet de Risiko, datt d’Kanner daagsiwwer anzwousch ënnerbruecht sinn, mä net op eng adequat Aart a Weis op de Lëtzebuerger Schoulsystem mat senge linguistische Spezifizitéite  virbereet ginn.

Chancëgläichheet heescht, ganz konkret, datt all d’Kanner, ganz onofhängeg vun hiren Originnen, iwwert méi oder wéineger deemselwechte Wësse verfügen, wann se fir d’éischt an hirem Liewe mussen d’Schoulbänk drécken. Selbstverständlech handelt et sech hei ëm en Idealbild, dat aus ënnerschiddleche Grënn net kann erreecht ginn. Jiddfer Kand huet säi ganz eegent Potential, dat et gëllt auszeschöpfen, a seng ganz eege Perséinlechkeet.

Mä firwat sollt een net probéieren, deem Idealbild e Stéckche méi no ze kommen?

Ass et an deem Kontext moralesch vertrietbar, datt Betreiungsstrukture finanziell ënnerstëtzt ginn, och wann se net zu enger besserer Integratioun vun den auslännesche Kanner bäidroen an deementspriechend hir Chancen op eng schoulesch Reussite op d’Spill setzen?

A firwat kréien d’Mammen an d’Pappen, déi sech doheem ëm hir Kanner këmmeren, net déi verdéngte finanziell Unerkennung?

D’Kannerbetreiung soll gratis ginn. Dëst gouf vum Regierungschef an engem Virwaljoer versprach. Vläicht misst d’Definitioun vun „à terme“ an den Dictionnairen iwwerschafft ginn, fir datt d’CSV net virgeheit kritt, d’Famillje bewosst hannergaangen ze hunn.

Liliana Miranda, Attachée parlementaire

Dësen Artikel ass den 18. Januar an der Rubrik “Zu Gast” vum Lëtzebuerger Land publizéiert ginn.

Deel dëse Post: