Kanneraffekot: e Beruff deen nach wéineg unerkannt gëtt?

Hei ass d’parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Fernand Kartheiser an Tom Weidig

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.

Den honorabelen Deputéierten Roy Reding hat am Juni 2022 d’ parlamentaresch Fro 6361 zur Formatioun zum Kanneraffekot gestallt a mir wéilten nach e puer Präzisiounen zu den Äntwerte vun der Madamm Minister.

Dowéinst wollte mir der Regierung nach dës Froe stellen:

Zum Ad 1 vun der Aentwert zu der Fro 6361: ,, D’Affekoten déi un der Formatioun zum Kanneraffekot vum Stater Barreau wëllen deelhuele mussen e Bréif un de Bâtonnier riichten an deem si hir Motivatioun detailléiere firwat si Kanneraffekot wëlle ginn. D’Plaze vun der Formatioun si limitéiert fir ee konstruktiven Austausch tëscht de Formateuren an den Affekoten z’erméiglechen. D’Aschreiwunge fir d’Formatioun ginn zougemaach esoubal de Maximum vu Participanten sech ageschriwwen huet.’’

  1. Wat passéiert mat deenen Affekoten, déi net geholl ginn si fir d’ Formatioun? Kommen déi op eng Waardelëscht fir déi nächst Formatioun? Wa jo, ass déi Lëscht ëffentlech respektiv hunn d’ Affekoten Zougang zu der Lëscht?
  2. Wéi vill Affekote ginn all Joer ofgeleent respektiv wéi laang ass d’ Waardelëscht par Rapport zu der Unzuel vun den Affekoten, déi d’ Formatioun duerchlafen an engem Joer?
  3. Denkt dir driwwer no Mesuren ze huelen fir d’Waardelëscht ze reduzéieren?
  4. Kann de Bâtonnier op Basis vum Motivatiounsbréif en Affekot ofleene respektiv aner Affekote virzéien. A wa jo, wat waren d’ Grënn an der Vergaangenheet fir dat ze maachen?
  5. Sinn d’ Prozedure en Detail ëffentlech gemaach ginn? A wa jo, kéint Dir eis déi bei Aer Äntwert derbäi leeën?

Zum Ad 2: “Am zweete Joer bitt de Barreau eng „journée de formation « follow-up »“ vun 8 Stonnen un. An dëser Opfrëschungsformatioun ginn d’Kanneraffekoten iwwert Aktualitéitssujete forméiert an Atelieren mat erfuerenen Affekote ginn organiséiert. E Kanneraffekot muss un dëser Opfrëschungsformatioun deelhuele wann en op der Lëscht vun de Kanneraffekoten ageschriwwe wëll bleiwen.”

6. Ass déi ,,journée de formation follow-up’’ vun 8 Stonnen nëmmen obligatoresch fir dat zweet Joer ofzeschléissen oder muss e Kanneraffekot all Joers esou en Dag matmaachen fir op der Lëscht kennen ze bléiwen?

7. Zum Ad 6: “Falls de Riichter een Affekot fir e Mannerjäregen bestëmmt, da steet et och dem Riichter fräi een Affekot ze wielen, deen d’Formatioun zum Kanneraffekot ofgeschloss huet oder net. De Barreau stellt de Riichter eng Lëscht zur Verfügung wou all d’Kanneraffekoten agedroe sinn mat den Domainer an deenen si spezifesch exerzéieren (Familljerecht, Strofrecht fir Mannerjäreger, Jugendschutz) an och hire jeeweilege Sproochkenntnisser.”

8. A wat fir Fäll sicht de Riichter de Kanner de Kanneraffekot eraus? Ass dat konform mam Gesetz, dat, no gängeger Interpretatioun, nëmmen dem Kand oder den Elteren d’ Recht gëtt en Affekot ze wielen? Misst de Mannerjähregen selwer oder seng Elteren/Erzéingsberechtegt dowéinst net och hiren Accord zu där Wiel ginn?

Mat déiwem Respekt,

 

Deel dëse Post: