Kanneraarmut: Regierung muss Kanner a Famill a Mëttelpunkt stellen!

Bannent 10 Joer ass den Aarmutsrisiko bei Kanner hei am Land vun 3,7% op 24,5% geklommen, zu där Conclusioun kënnt e Rapport vun der Unicef. Dat ass alarmant sot de Fraktiounspresident Fred Keup an der Chamber. D’LSAP, déi scho viru Gambia jorelaang an der Regierung wor, huet dobäi eng kloer Matresponsabilitéit. Schold un där aktueller Situatioun ass eng Politik déi weder d’Kanner nach d’Famill an de Mëttelpunkt stellt. Dofir ass et d’Fuerderung datt d’Kannergeld dréngend eropgoe muss an d’Konzept vum ADR-Elteregeld dréngend agefouert muss ginn.

Deel dëse Post: