Kanner mat Dys-Problemer

De Fred Keup intresséiert sech fir d’Problemer vu Kanner mat Dys-Problemer an de Schoulen.

Fro:

Vill Kanner hei zu Lëtzebuerg hu sougenannt “Dys-Problemer”; dat ka vu Problemer beim Liesen oder Schreiwe bis hin zu Problemer mam Schwätzen, Rechnen oder Beweegen zesummenhänken.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  • D’Delaie beim CDA (Centre pour le développement des apprentissages), fir en Dys-Test bei engem Kand maachen ze loossen, sinn anscheinend relativ laang. Wéi laang sinn déi Delaien am Duerchschnëtt a wat wëll den Här Minister maachen, fir déi Delaien ze verkierzen?
  • Wéi gëtt d’Léierpersonal iwwer d’Dys-Problematik informéiert, sensibiliséiert an op esou Situatioune virbereet? Ass och bei den “Quereinsteiger” garantéiert, datt si dat néidegt Versteesdemech fir déi betraffe Kanner hunn?

Äntwert:

Ad 1)
De CDA erstellt diagnostesch Rapporten an zwee grousse Beräicher, de Léierstéierungen (Dyslexie,
Dysorthographie, Dyscalculie, asw.) an dem TDA/H. En universellen Dys-Test gëtt et net; mir
schwätzen hei vun engem héich komplexe Multiaxial-Diagnostic, deen an der Reegel um besteeënden
Dossier opbaut, a wou Spezialisten aus verschidde Fachrichtungen geziilt Beräicher analyséieren an
exploréieren. Et sinn dëst Psychologen, Pädagogen, Orthophonisten, Psychomotoriker, Enseignanten
an awer och spezialiséiert Dokteren ewéi z. B. Kanner- a Jugendpsychiater. An den eenzelne
Fachrichtungen ginn et dann nach Spezialiséierungen. Esou huet de CDA z. B. Psychologen, déi an der
Dyscalculie spezialiséiert sinn, oder Fachleit, déi offiziell accredidéiert sinn fir den Diagnostic am
Engleschen ze stellen. Bei 50 % vun den Dossieren sinn och méi ewéi zwee Fachleit am Dossier
involvéiert. Jee nodeem wéi den Dossier sech presentéiert, kënnen d’Waardezäiten deemno
ënnerschiddlech laang sinn. Am Schouljoer 21/22 louch d’Waardezäit an der Moyenne bei 2,7 Méint.
De CDA setzt op dräi Niveauen un, fir d’Delaien ze verkierzen:
a) D’Rapporte gi weider standardiséiert an digitaliséiert. Dëst reduzéiert déi redaktionell Aarbecht a
féiert esou zu engem Zäitgewënn.
b) Dacks sinn Dossieren, wann se iwwert d’CNI an de CDA ginn, schonns zimmlech komplett. Mam
Retour vun erfuerene Fachleit gouf eng Taskforce opgestallt, déi Analys-Dossiere ganz séier kann
opschaffen, esou datt déi net onbedéngt nach ee Mol bis an den Diagnostic-Grupp musse goen.
c) Mat der neier Antenn zu Déifferdéng, déi am September 2023 opgeet, proposéiert de CDA den
Diagnostic an engem Phasemodell. Dëst erlaabt et, eng nach méi effizient a prezis Planung vun
den Diagnosticen ze maachen, an esou d’Zäit däitlech ze reduzéieren.
Ad 2)
Eng vun den Aufgaben vun der Schoul ass et, de Bedierfnisser vun alle Schüler méiglechst gerecht ze
ginn. All Kand, onofhängeg vu senge Fäegkeeten, soll esou encadréiert ginn, datt et sech
beschtméiglech entfale kann. Déi inklusiv Approche, déi unhand vun Differenzéierungsmoossnamen
a gegeebenefalls mat der Ënnerstëtzung vu spezialiséiertem Personal an der Schoul ëmgesat gëtt,
spillt heibäi eng zentral Roll.
Aus dësem Grond gëtt scho bei der universitärer Ausbildung vun den zukünftegen Enseignanten e
besonnesche Fokus drop geluecht, datt d’Studente léieren, d’Bedierfnisser vun de Kanner ze erkennen
an ze reflektéieren an dëse Bedierfnisser mat ënnerschiddleche pedagogesche Mëttel gerecht ze ginn.
An dësem Zesummenhang soll hir Ausbildung si drop virbereeden, Léierprozesser ze verstoen, ze
analyséieren an ze bewäerten an dobäi déi individuell Ressourcë vun hire Schüler ze berücksichtegen.
Si léieren, ënnerschiddlech Methoden an Unterrechtsformen fir en eegestännegt, ganzheetlecht a
kompetenzorientéiert Léiere vun de Kanner ze erméiglechen an ze fërderen.
An de Coursë vun hirer Ausbildung léieren d’Studente vum Bachelor en Sciences de l’Éducation (BScE)
de jeeweilegen Entwécklungsstand vun de Kanner ze identifizéieren an unhand vun
de passenden Differenzéierungsmesuren op déi jeeweileg Bedierfnisser anzegoen, fir et esou all Kand
ze erméiglechen, seng Kompetenze beschtméiglechst ze entwéckelen.
Am Kontext vun den ugeschwatenen “Dys”-Problematike besichen d’Studente vum BScE beispillsweis
Coursë wéi “Förderung von Schreib- und Lesekompetenzen” an “Weiterführendes Lesen und Schreiben
ab C3”, an deenen si d’Entwécklung vun den éischte Schreifversich bis hin zur Schreifkompetenz kenne
léieren a léieren, d’Kompetenze vun hire Schüler anzeschätzen. Si ginn dozou ausgebilt, differenzéiert
Aktivitéiten ze gestalten, déi esouwuel den individuelle Bedierfnisser vun de Schüler, wéi och dem
Léierplang an dem soziokulturelle Kontext Rechnung droen.
Zousätzlech besichen d’Studente vum BScE och ee Cours, deen sech ganz spezifesch mat der “Dys-“
Problematik beschäftegt. Heibäi handelt et sech ëm de Cours “Sprachentwicklung und
Sprachentwicklungsstörungen / Numerische Kompetenzen: Entwicklung und Entwicklungsstörungen”.
Am Deel “Sprachentwicklung und Sprachentwicklungsstörungen” léieren d’Studenten, wéi sech
geschriwwen a geschwate Sprooch bei engem Kand entwéckelt a wat déi wichtegst Indicateure fir de
Léierprozess vun hire Schüler sinn. Si kréien hei ee Verständnes fir déi verbreetsten Entwécklungsstéierungen, déi di mëndlech a schrëftlech Sproochleeschtunge vun hire
Schüler kënne beanträchtegen. Generell ass d’Zil vun dësem Cours, zukünftegen Enseignanten dat
néidegt Wëssen ze vermëttelen, fir mëndlech a schrëftlech Sproochkenntnisser am Unterrecht
effizient ze vermëttelen an sech de Schwieregkeete bewosst ze sinn, deenen d’Kanner heibäi begéine
kéinten.
Am Kader vun der Formatioun, déi all Beruffsufänger wärend dem Stage respektiv der Période
d’initiation an der Période d’approfondissement leescht, gëtt d’Méiglechkeet ugebueden, de Sujet
vun den “Dys”-Problemer nach weider ze verdéiwen. Wärend dëser Phase d’insertion professionnelle
sinn eng Rei Formatiounsstonnen au choix virgesinn, déi d’Participanten deemno selwer eraussiche
kënnen, am Zesummenhang mat deem Kontext, an deem si schaffen.
Fir de Sujet vun den “Dys”-Problemer weider ze verdéiwen, bitt och den IFEN ganz spezifesch
Weiderbildungen un, wéi zum Beispill:
• Dys, Dys und nochmal Dys: Überblick über die verschiedenen Lernschwierigkeiten: Dyslexie,
Dyskalkulie, Dyspraxie und das Aufmerksamkeitsdefizitsyndrom (AD(H)S)
• Konkrete Unterstützung von Kindern mit Lern- und Verhaltensschwierigkeiten: Dyslexie
• Konkrete Unterstützung von Kindern mit Lern- und Verhaltensschwierigkeiten: Dyskalkulie
Allgemeng proposéiert den IFEN iwwert 70 Weiderbildungen am Beräich vun der “Dys”-Problematik
an huet an dësem Kontext eleng am Schouljoer 2022/2023 818 Agenten an enger vun dëse
Formatiounen ausgebilt. D’Formatioune vum IFEN riichten sech am Allgemengen un dat ganzt
Schoulpersonal, woubäi et awer och speziell Offere fir d’I-EBS, d’ESEB an d’Kompetenzzentre gëtt.
Fir d’Enseignanten aus der Grondschoul zousätzlech beim Encadrement vun de Schüler mat enger
“Dys”-Problematik ze ënnerstëtzen, stinn hinnen op lokalem Niveau d’Instituteurs spécialisés dans la
scolarisation des élèves à besoins spécifiques (I-EBS) zur Säit, déi jeeweils un eng Schoul affektéiert
sinn an deenen hir Missioun et ënnert anerem ass, d’Léierpersonal bei der Prise en charge vun de
Schüler mat besonnesche Besoinen am Sënn vun enger inklusiver Approche innerhalb vun der Klass
ze ënnerstëtzen.
Des Weidere gëtt et um regionale Plang an all Regionaldirektioun eng Équipe de soutien des élèves à
besoins spécifiques (ESEB), déi d’Enseignantë berode kann, wéi se mat de Kanner mat enger “Dys”-
Problematik an hirer Klass ëmginn an déi awer och eng ambulant Prise en charge vum Schüler an der
Klass (assistance en classe) assuréiere kann.
Dernieft existéieren um nationale Plang d’Kompetenzzentren, deenen hir Aufgab et ënnert anerem
ass, d’Léierpersonal ze beroden, wéi et mat engem Kand mat spezifesche Besoinen an der Klass kann
ëmgoen. Des Weidere bidden och d’Kompetenzzentren eng ganz Rei Moossnamen un, wou si direkt
mam Kand a mat sengem Ëmfeld schaffen.

 

 

Deel dëse Post: