Käerjenger Contournement: “Never Ending Story”?

Den Dossier vum Käerjenger Contournement schleeft a schleeft, ma de Verkéier zu Käerjeng hëlt weider zou! De Fernand Kartheiser freet am Kader vun enger parlamentarescher Fro bei der Regierung no:

Informatiounen aus der Press no soll et am Dossier Käerjenger Contournement nees zu neie Retarde kommen. Den Ëmweltministère hätt weider Detailer gefrot.

Dowéinst wollt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Wéi eng Delaie si realistesch fir den Dossier am Ëmweltministère ofzeschléissen? Geet et just nach ëm Kompenséierungsmoossnamen oder wéi eng Aspekter missten nach gekläert ginn?
  2. Wéi en Delai ass realistesch fir d’Gespréicher iwwer d‘Verleeë vum Standuert vun enger Firma,  där hiren Terrain fir de Bau géif gebrauch ginn?
  3. Wéi en Delai gesäit d’Regierung elo vir am Hibléck op den Ufank vun de Bauaarbechten um Käerjenger Contournement?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

 

Deel dëse Post: