Käerjenger Contournement elo mat Tunnelvariant?

Eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser a vum Fred Keup:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Verkéiersminister weiderzeleeden.

Den Här Mobilitéitsminister huet viru Kuerzem eng nei Variant fir de Käerjenger Contournement an d’Gespréich bruecht, obschonn d’Aarbechten un där Strooss, wéi si an engem Gesetz vum 17. Juli 2018 decidéiert gouf,  elo geschwënn sollten ufänken. Dobäi ass déi Iddi vun engem Tunnel nees opgegraff ginn, déi mir nach den 3. November 2020 an der Question parlementaire 3089 virgeschloen haten. Et war eist Uleies fir d’Naturschutzgebitt duerch de Bau vun engem Tunnel ze schounen. Den Här Mobilitéitsminister  hat dat awer a senger Äntwert op déi Fro refuséiert: „De 17. Juli 2018 huet d’Chamber mat 56 Jo-Stëmmen, also mat ganz breeder Majoritéit, d’Finanzéierungsgesetz fir de Contournement vu Käerjeng gestëmmt. Do virdru sinn iwwer 10 Joer laang vun zwee verschiddene Ministere vill Variante studéiert ginn, dorënner och eng Null-Variant, an e Bierg vun Etüde produzéiert ginn. Et goufen och vill Biergerversammlungen organiséiert an d’Gemenge konnten hir Doleancen duerch hir Avisen abréngen. Et gëtt keen neie Moment, an de Minister waart, sou wéi e verflicht ass, wann de éischte Pouvoir e Gesetz gestëmmt huet, dee Contournement och elo ëmsetzen.” Et sief nach ënnerstrach, datt aus Grënn vum Naturschutz, d’ADR dat Gesetz vun 2018 net matgestëmmt hat. Et ass awer onëmstridden, datt  déi ugespaante Verkéierssituatioun zu Käerjeng eng séier Léisung brauch.

Datt déi Iddi vun engem Tunnel elo vun der Säit vun der Regierung an d’Spill bruecht gëtt wieft eng Rei Froen op, déi mir dann och dem Här Verkéiersminister wéilte stellen:

  • Doduerch, datt d’Regierung elo eng Tunnelvariant fir de Käerjenger Contournement proposéiert, riskéiert dee Projet grouss Retarden ze kréien. Wéi gesäit dee neien Zäitplang vun der Regierung aus? Gëtt en neit Gesetz op den Instanzewee bruecht? Wat geschitt mat deene Virbereedungsaarbechten déi bis elo geleescht goufen?
  • Goufen Terraine fir den aktuelle Projet kaf? Wat geschitt mat deenen Terrainen?
  • Wéi eng Konsequenzen huet dee neie Projet op d’Parksituatioun op der Käerjenger Gare? Ass nach dru geduecht fir do e „Park and Ride“ opzeriichten?
Deel dëse Post: