Kaderaccorden mat de Philippinen, dem Vietnam, der Mongolei a dem Irak.

D’Chamber huet e Mëttwoch, den 20 Mee 2015, en Rei Kaderaccorden mat de Philippinen, dem Vietnam, der Mongolei a dem Irak gestëmmt. De Fernand Kartheiser huet do d’Positioun vun der ADR erabruecht.

Et gëtt sech dacks beklot, wéi d’USA bei internationale Verhandlungen hier Meenung duerchsetzen. De Fernand Kartheiser huet den 20. Mee an der Chamber, wou et em eng Rëtsch bilateral Accorde goung, déi d’EU mat Partnerlänner gemaach huet, gewisen, datt Bréissel net vill besser ass, wann et drëm geet, gesellschaftspolitesch Iwwerzeegungen, déi net all Kultur muss deelen, an esou Accorden ze schreiwen. Den ADR-Deputéierten huet sech och gefrot, ob Lëtzebuerg bei esou Accorde genuch probéiert, déi wirtschaftlech Virdeeler, déi se bidden, ze notzen.

Deel dëse Post: