Kacht geschwënn all Lycée seng eegen auslännesch Zopp?

Den Educatiounsminister Claude Meisch ass op de Wee gaangen, fir an ëffentleche Schoulen de Cursus vum ”baccalauréat européen” anzeféieren. Nieft der neier „École internationale Differdange & Esch-sur-Alzette“ huet de bestoende Lycée Michel Lucius dëse System adoptéiert, mam Resultat, datt den anglophonen Unterrecht haut een Drëttel vun de Klassen duerstellt. Zanter der Rentrée bitt dëse Lycée och Klassen an der Grondschoul un.

De 6. Dezember huet de Minister ugekënnegt, datt d’Offer elo weider ausgedehnt gëtt op de Lënster Lycée zu Jonglënster, de Lycée Edward Steichen zu Klierf an den zukünftege Lycée vu Munneref.

Zu dëser Offer kann een och, ëmmer nach am Beräich ëffentlech Schoul, de “Baccalauréat international” op Franséisch an Englesch am Lycée technique du Centre an am Atheneum opzielen. Dobäi kommen zu Lëtzebuerg 2 offizielle Europaschoulen, eng privat International School, de Lycée Vauban, d’St. George’s International School, a.s.w.

D’ADR fäert, datt mat engem Schoulsystem, deem ëmmer méi engem Supermarché gläicht wou jiddwereen sech nach just dat an de Kuerf leet, wat ëm gefällt, d’Enn vun der gemeinsamber Bildung agelaut ass. Och d’Gefor vum Communataurism, wou all Sproochegemeinschaft ënnert séch lieft, gëtt domadder nach méi grouss.

An deem Kontext huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser eng Bäckeschdoze Froen un den Educatiounsminister gestallt.

Deel dëse Post: