Justizprozedur: Wéi ass d’Timeline?

Hei ass d’parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierte Fernand Kartheiser.

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.

D’Affär Bommeleeër huet an den 80er Joren zu Lëtzebuerg d’Schlagzeilen dominéiert. D’Angscht virun Attacken hat d’Bevëlkerung fest am Grëff. Et huet laang gedauert, bis den éischte Bommeleeër-Prozess stattfonnt huet. Et kënnt an dem Kontext awer och ëmmer nees, och no ganz ville Joren, zu neien Initiative vun der Justiz.  Et ass ganz sécher luewenswäert wann d’Justiz probéiert déi Schëlleg ze identifizéieren an ze verurteelen. Allerdéngs muss een sech awer och prozedural a rechtsstaatlech Froen iwwer esou Prozesser stellen, z.B. déi vun der Zouverlässegkeet vun Zeienaussoen no Joerzéngten. Och d’Mënscherechtskonventioun ass ze beuechten. An hirem Artikel 6 seet si: ,,Toute personne a le droit d’être jugée équitablement, publiquement et dans un délai raisonnable, par un juge indépendant et impartial.’’  Et stellt sech d’Fro ob hei, esouguer am Fall vun enger Verurteelung, de Krittär vum „délai raisonnable“ nach kann als respektéiert ugesi ginn.

An deem Kontext wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Wéi interpretéiert d’Regierung am Allgemengen, onofhängeg vum Bommeleeërprozess, de Kritär vum „délai raisonnable“ aus dem Artikel 6 vun der Mënscherechtskonventioun?
  2. Wéi schätzt d’Regierung, onofhängeg vum Bommeleeërprozess, d’Glafwierdegkeet vun Zeienaussoen an, déi sech op Evenementer bezéien déi Joerzéngten zeréck leien?

Mat déiwem Respekt,

Hei fannt Dir déi Äntwert.

Deel dëse Post: